Fraen am Prisong zu Lëtzebuerg "Prisonge si fir Männer gemaach"

Zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell zwou Strofvollzuchsanstalten: den zouene Prisong Schrasseg mat bal 600 Better an den hallefoppene Prisong Givenech mat eppes iwwer 100 Better. Datt de Strofvollzuch net geschlechtsneutral ass, domat beschäftegt d'Isabelle Schmoetten sech an hirem Fräie Mikro.

Isabelle Schmoetten / cz

Meenung Isabelle Schmoetten

Wärend dem Confinement gouf ech vun der asbl "eran, eraus .. an elo" kontaktéiert, déi meng Opmierksamkeet op e Rapport vun 2017 gelenkt huet, an dem et ëm d'Situatioun vun de Fraen am Prisong zu Lëtzebuerg geet.

E bësse genéiert hunn ech festgestallt, dass ech nach ni weider iwwer dëse Sujet nogeduecht hunn. Dobäi fannen ech et wichteg och zoue Systemer wéi Prisongen als Deel vun eiser Gesellschaft wouer ze huelen an de Bléck hanner d'Maueren ze woen.

Iwwer Strofdoten, Geriichtsverhandlungen an Urteeler gi mir reegelméisseg an der Zeitung oder am Radio informéiert. Awer wat geschitt duerno?

Den Nelson Mandela war 27 Joer laang am Prisong. A senger Autobiographie reflektéiert hien: "Kee kennt eng Natioun wierklech, soulaang en net an hire Prisonge war. Eng Natioun sollt net duerno beuerteelt ginn, wéi se hir héchste Biergerinnen a Bierger behandelt, mee hir niddregst."

A wéi behandelt Lëtzebuerg seng Gefaangen?

Ech hu mir soe gelooss, datt aktuell ëm déi 30 Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong sinn. Dat wiere fënnef Prozent vun de Gefaangenen. Een Deel ass just kuerz do, zum Beispill wéinst Drogendelikter oder Déifstall. Den aneren Deel ass laang do, wéinst Kapitalverbrieche wéi Mord. Dotëscht gëtt et scheinbar net vill.

Seet eis dat eppes iwwert déi ënnerschiddlech Sozialisatioun vun de Geschlechter oder iwwert den ongläichen Ëmgang mat Verbriechen, jenodem ob eng Fra oder e Mann se begaangen huet?

De Rapport vun 2017 mat 38 konkrete Recommandatiounen vun der Mediateure mécht däitlech, datt d'Ongläichbehandlung vun de Geschlechter net bei de Strofdoten a Verurteelungen ophält. Do liest een zum Beispill datt d'Aarbecht vun de Fraen zu Schrasseg sech ganz stereotyp op Strecke beschränkt.

"Prisonge si fir Männer gemaach"

Déi sportlech Infrastrukture fir d'Fraen zu Schrasseg si wuel däitlech méi kleng a manner gutt equipéiert wéi déi vun de Männer. Doriwwer eraus wier déi psychologesch Betreiung vun de Männer vill méi elaboréiert wéi déi vun de Fraen. Déi meescht Ongläichheete gi mat der mangelhafter Infrastruktur erkläert. Prisonge si fir Männer gemaach, krut ech vun enger Persoun gesot.

Zënter 2017 huet sech vläicht schonn eppes verännert. Vill Hoffnung läit op der Abetribnam vum Untersuchungsprisong Uerschterhaff am Joer 2022, wouduerch virun allem zu Schrasseg méi Plaz geschaf soll ginn. Awer baséieren déi bestoend Mëssstänn wierklech just op der Infrastruktur?

Ass et ze spéit déi Verantwortlech drun ze erënneren, datt d'Genderthematik net nëmme bei der Gestaltung vun den Infrastrukturen mee och bei der Organisatioun vum Strofvollzuch grad wéi bei der Resozialiséierung eng wichteg Roll spillt? Gëtt et en Antidiskriminéierungs- an Gender Gläichstellungskonzept fir d'Prisongen, an dem och u geschlechtlech a sexuell Minoritéite geduecht gëtt?

Wat erwaart sech d'Gesellschaft vu Prisongen?

Um Enn an um Ufank stellt sech d'Fro, wat mir als Gesellschaft vun de Prisongen erwaarden. Solle se Strofdote mat Fräiheetsentzuch bestrofen? Solle se d'Gesellschaft viru geféierleche Persoune schützen? Solle se besser Mënschen aus Verbriecher*inne maachen?

Ech fir mäin Deel géif mir wënschen, datt am Strofvollzuch d'Resozialiséierung - wou nëmme méiglech - am Virdergrond steet. Eng Resozialiséierung am Respekt vun de Mënscherechter, zu deenen och d'Gläichstellung vun de Geschlechter gehéiert.

Op dës Aufgab eleng vun der Prisongsverwaltung gestemmt ka ginn, woen ech ze bezweifelen.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Isabelle Schmoetten
Lauschteren

Méi zum Thema

De Prisong vu Schraasseg 3.11.09
Rebellioun zu Schraasseg

Nodeems et de Mëttwoch den Owend am Prisong zu Schraasseg zu enger Rebellioun koum, wieren déi Responsabel elo an Eenzelhaft gesat ginn. Dat schreift de Justizministère an engem Communiqué.

Sam Tanson
Jugendschutz

Mannerjäreger an Erwuessener dierfen net zesummen an engem Prisong setzen, seet d'Sam Tanson. Dat soll dofir och am neie Jugendschutzgesetz festgehale ginn, seet déi nei Justizministesch.

Claudia Monti
Jugendschutz a -strofrecht

D'Claudia Monti ass "immens frou", datt de Justizminister Felix Braz averstanen ass, datt Mineuren net an de Prisong gehéieren. Dës Ukënnegung misst awer och am Gesetz verankert ginn, esou d'Ombudsfra.

Prison
Prisong

Ween op Gewalt setzt, dee misst och mat Konsequenze rechnen, seet de Justizminister Félix Braz. Den Dialog mat de Prisonéier ass einstweilen op Äis geluecht. D'CSV ënnerstëtzt dës Approche.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen