Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Kendricks - Intimate Friends

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prioritéite fir déi nächst Joren

Regierungserklärung

Prioritéite fir déi nächst Joren

Wat halen d'Parteien an der Chamber vum Regierungsprogramm fir d'Jore bis 2023? Doriwwer gëtt haut um Krautmaart debattéiert, nodeem de Xavier Bettel gëschter seng Deklaratioun mat engem Iwwerbléck vun de Prioritéite fir déi nächst Jore presentéiert huet. Vill Neies huet de Premier dobäi net verroden. D'Fro vun der Finanzéierung vun de Mesuren aus dem Koalitiounsaccord gouf och gëschter net beäntwert. Dem Regierungschef Xavier Bettel no wier den néidege Spillraum awer do.

auto_stories

4 min

De Regierungsprogramm fir déi nächst fënnef Joer huet e finanziellen Impakt, an d'Regierung wier sech dees "ganz gutt bewosst", huet de Premier Xavier Bettel zum Schluss vu senger Ried an der Chamber betount.

"Eis aktuell Situatioun erlaabt eis dat awer, well den Terrain preparéiert ass, a mir sinn der Meenung, datt et de Leit elo soll zu gutt kommen, wann d'Staatsfinanze sech positiv entwéckelen."

Menagen an Entreprisë solle steierlech entlaascht ginn

D'Leit sollen an den nächste Jore finanziell entlaascht ginn an d'Kafkraaft soll gestäerkt ginn, huet de Premier confirméiert. Déi ëffentlech Finanze wiere gesond. Op eng stabil Budgetspolitik wier een ugewisen, well dat Vertraue virun allem beim Finanzsecteur géif schafen, esou de Xavier Bettel.

Dësem Secteur an den Entreprisë generell wëllt déi nei Regierung och am Steier-Beräich eng Planungssécherheet offréieren an een attraktive Standuert bidden.

"Mir mussen awer och kompetitiv bleiwen an dofir engagéiere mir eis, datt an den nächste fënnef Joer d'Taxe d'abonnement op den Investitiounsfongen net gehéicht gëtt. An déi allgemeng steierlech Belaaschtung fir d'Betriber gëtt scho vum nächste Joer un ëm ee Prozent erofgesat. Eisen Engagement ass do eendeiteg. Mir suergen dofir, datt déi steierlech Belaaschtung fir d'Betriber aus alle Secteuren zu Lëtzebuerg net eropgeet, onofhängeg dovu wat international op eis duerkënnt."

Déi kleng a mëttelgrouss Betriber sollen - wéi scho gewosst - zousätzlech steierlech entlaascht ginn: dës Zort vu Betriber wieren d'Stäip vun der nationaler Wirtschaft, huet de Premier erkläert.

"De Commerce esou gutt wéi d'Handwierk mussen dofir weider gefërdert ginn. Mir wëllen hei déi gréisst méiglech Flexibilitéit schafen an de Betriber d'Méiglechkeet ginn esou ze schaffen, wéi et fir hir Aktivitéit am beschten an am sënnvollsten ass. D'Legislatioun iwwer d'Ouvertureszäite soll deementspriechend adaptéiert ginn."

Mam Koalitiounsaccord géif et generell dorëm goe fir den Erfollegsmodell Lëtzebuerg weider ze stäerken a fir d'Liewensqualitéit vun de Bierger ze erhalen.

"Et geet ëm d'Sécherheet vun de Mënschen, déi hei liewen an hiren Alldag verbréngen. Et geet awer och ëm déi sozial Ofsécherung, ëm d'Zukunft vun eise Kanner. Et geet ëm eis Ressourcen, ëm d'Ëmwelt an et geet ëm d'Stäerke vun der Demokratie."

Nach ëmmer keen Datum fir Verfassungsännerung

D'Reform vun der Verfassung géif eng modern Constitutioun bréngen, huet de Xavier Bettel ugekënnegt. Een Datum fir de geplangte Referendum gouf och gëschter nach net genannt.

"Et gëtt op deem aktuellen Text e breede Konsens tëschent de politesche Parteien a mir respektéieren dee Konsens. Déi nei Constitutioun soll an dëser Legislaturperiod zum Vott gestallt ginn an zwar och iwwer de Wee vun engem Referendum. Dëse fundamentaldemokratesche Prozess gëtt vun der Chamber organiséiert an et soll do eng breet Consultatioun am Virfeld stattfannen. Als Zäitschinn envisagéiere mir den Ufank vun deene Consultatiounen op d'Zäit no den Europawahlen d'nächst Joer."

Cannabis: "Mir huelen de Marché aus den däischteren Ecken eraus"

Déi geplangte Cannabis-Legaliséierung bannen den nächste fënnef Joer géif keng Verharmlosung vun de Risike bedeiten, huet de Xavier Bettel gëschter ënnerstrach. Datt Cannabis-Produkter consomméiert ginn, wier eng Realitéit, esou de Premier zu de Grënn vun dëser Moossnam.

"Mir huelen de Marché aus den däischteren Ecken eraus a protegéieren domadder déi Leit, déi Cannabis consomméieren. Parallel zu der Legaliséierung ginn och Sensibiliséierungscampagnë gemaach fir kloer ze maachen, datt et, och wann et legal ass, et awer nach laang net onbedenklech ass, Marihuana auszeprobéieren."

Zousätzleche Feierdag: Vu wéini un?

D'Eropsetze vum legale Congé vu 25 op 26 Deeg pro Joer soll vun 2019 u gëllen: dat huet de Premier gëschter annoncéiert. Vu wéini un den 9. Mee - den Europadag - zum gesetzleche Feierdag soll ginn, huet de Xavier Bettel net gesot.

Weider Efforte géint Nuklearanlagen an Energietransitioun

Bei den Efforte géint de Klimawandel wier den Iwwergank vu fossiller op erneierbar Energië wichteg. Dem Xavier Bettel no wier d'Atomenergie awer keng Alternativ ...

"... an d'Koalitioun ass a bleift kloer kritesch géintiwwer dem Nucleaire. Mir setzen eis déi nächst Jore weider intensiv dofir an, datt Atomzentralen an eisen Nopeschlänner, déi schonn eng etlech Joren um Bockel hunn, net weider ausgebaut, mee zougemaach solle ginn. Tihange an Doel an der Belsch a Cattenom a Frankräich sinn net a Gefor fir d'Sécherheet vun eisem Land. Mir loossen do net lass a schaffe mat de Regierunge vu Paräis a Bréissel och un Alternativen."

Plastikstuten an iwwerflësseg Verpackunge ginn ofgeschaaft

Fir d'Ressourcen ze schütze wäert de liichtfankegen Ëmgang mat Plastik hei am Land ofgeschaaft ginn, esou eng weider Mesure aus dem Regierungsprogramm.

"Mir schafen Ureizer fir dat ze erreechen. Déi gratis Plastikstute sollen der Vergaangenheet ugehéieren, genee wéi all iwwerflësseg Verpakungen. Mir wëlle mam Commerce u sënnvollen Alternative schaffen a virun allem och dofir suergen, datt Schoulkantinnen a staatlech Betriber e Modell fir de Privatsecteur sinn."

Am Koalitiounsaccord heescht et, datt gratis Plastiktute schonn a knapp dräi Wochen, vum 31. Dezember 2018 un, solle verbuede ginn.