De Camille Kohn seet awer och, datt hie prinzipiell nach ëmmer hanner dem Projet stoe géif. Géint déi geplangt Residenz mat sechs Unitéiten, déi fir en abordabele Loyer u Leit mat nidderegem Akommes solle verlount ginn, gëtt et jo vill Widderstand zu Altréier. Dofir wëllt de Buergermeeschter am Moment och net formell soen, datt de Projet sécher realiséiert gëtt:
"De Moment kann ech déi Ausso net maachen, well eben nach verschidde Froen ze kläre sinn. Mir haten déi Versammlungen, do huet jiddweree sech e bësse säi Gefill a seng Meenung gebilt. Mir hunn och nach eng Kéier Gespréicher mat [der] AIS. Et ass och nach déi eng oder aner Fro, déi opkomm ass an de leschte Wochen, wou ech gär eng Äntwert hätt. An da musse mer kucken, wéi mer et maachen. Prinzipiell stinn ech awer nach ëmmer hanner dem Projet, jo."
Wa méiglech, kéint de Wunnprojet nach adaptéiert ginn, seet de Camille Kohn. Dofir géifen et Gespréicher mat der AIS ginn, fir de Bierger "e Schrëtt entgéint ze kommen".
Et wéilt een de Projet nämlech net "tel quel" duerchboxen, mee e misst och machbar sinn. "An dat ass dann ofzeweien, ob déi Machbarkeet an dat, wat d'Bierger wëllen, zesummen ze bréngen ass", esou de Camille Kohn.
Ob et de Biergerinnen a Bierger wierklech just ëm de Schoulhaff geet, wollt de Camille Kohn net kommentéieren.