Radioen

On air

Espresso Beats  |  Liam Gallagher & John Squire - I'm So Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prime de Présence als Léisung géint Absenteismus?

Handwierkerkummer a Gewerkschafte reagéieren

Prime de Présence als Léisung géint Absenteismus?

Den LCGB schätzt, datt 30 bis 40 Prozent vun den Entreprise mat Kollektivvertrag zu Lëtzebuerg hire Mataarbechter eng sougenannt Prime de Présence bezuelen - dat ass eng Primm, déi Mataarbechter um Enn vum Mount kréien, wa si dee Mount keen eenzegen Dag krankheetsbedéngt gefeelt hunn. Mee ass dat eng effikass Mesure géint den Absenteismus?

auto_stories

2 min

Ass d'Prime de Présence eng Léisung géint den Absenteismus? Foto: Bigstock / 06photo

Enn Dezember huet den LCGB per Communiqué matgedeelt, datt en neie Kollektivvertrag bei der Brauerei Simon ënnerschriwwe gi wär. Eent vun den Elementer dora war eng Primm vun 200 Euro fir jiddwereen, dee keen Dag wéinst Krankheet feelt.

Primm scho present a sechs Secteuren

Dës Mesure ass vill méi verbreet, wéi een dat vläicht géif mengen: D'Primm wier z.B. an de Kollektivverträg vu sechs Secteure virgesinn: bei de Chauffagisten, de Liftebauer, de Garagisten, um Bau, am Nettoyage a bei den Elektrizitéitsbetriber, esou den Tom Wirion, de Generaldirekter vun der Chambre des Métiers.

De Montant kéint variéieren, a verschidde Betriber géife bis zu 500 Euro am Mount ausbezuelen, erkläert Tom Wirion:

"De Fait, datt et déi Primm gëtt, denken ech, weist drop hin, datt et ee Problem gëtt, an datt dat dote fir verschidde Secteuren eng Äntwert op dee Problem ass."

Heefegkeet vun der Primm net gewosst

Aus der Äntwert vum Tom Wirion héiert een eraus, datt et dës Primm een delikate Sujet aus der Siicht vu Patronen ze si schéngt. Dat hunn och Gespréicher mat Vertrieder vun aneren Entreprise confirméiert.

Firwat genee vill Betriber dës Mesure gewielt hunn, a wéi laang et déi Form vu Belounung scho gëtt, konnt oder wollt de Generaldirekter vun der Handwierkerkummer net soen.

Den Tom Wirion plädéiert iwwerdeem fir de Karenzdag als Léisung am Kampf géint den Absenteismus. Dat bedeit, datt een de Loun fir den éischte Krankheetsdag am Mount um Enn vum Mount vu senger Pai ofgehale kréich.

LCGB gesäit d'Primm kritesch

Am Fall vun der Brauerei Simon huet den LCGB de Kollektivvertrag mat der Primm matgedroen, awer ouni Begeeschterung. D'Gewerkschafte gesinn dës Mesure nämlech kritesch.

De Robert Fornieri vum LCGB betount, datt misst evitéiert ginn, dës Mesure als Motivatioun ze gesinn, krank op d'Aarbecht ze kommen, nëmme fir d'Primm ze kréien. Hei wier et d'Aufgab vum Patron, dorop opzepassen.

Den LCGB géif d'Mesure am Ae behalen an agräifen, sollte Mëssstänn festgestallt ginn, esou nach den Robert Fornieri.

OGBL gesäit méiglech Léisung bei de Léin

Den David Angel vum OGBL gesäit de System vun der Prime de Présence och kritesch.

Hie proposéiert eng aner Léisung, fir den Absenteismus niddereg ze halen:

"Mir sinn do éischter der Meenung, datt et besser ass, Suen an d'Léin ze setzen oder datt et besser ass, d'Léin allgemeng ze erhéijen, an dat net un iergendwellech Presenzkonditiounen ze koppelen."