Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bobbi Lu - Vacuum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Presuméierten Täter stierft no Schëss vun der Police

No enger Course-Poursuite

Presuméierten Täter stierft no Schëss vun der Police

Zu Ettelbréck huet d'Police gëschter Owend e presuméierten Täter erschoss. Ier et zu de Schëss koum, hätt de Mann d'Poliziste mat engem Messer attackéiert, esou de Parquet. D'IGP gouf mat enger Enquête befaasst.

auto_stories

1 min

Archivfoto

Wärend enger Police-Interventioun gëschter Owend gouf eng Persoun zu Ettelbréck vun der Police ugeschoss. D'Persoun ass gëschter Owend nach am Spidol un hire Blessure gestuerwen, deelt de Parquet an engem Communiqué mat.

Presuméierten Täter war op der Flucht

De presuméierten Täter wier op der Flucht gewiescht, nodeems hien zu Housen e Mann mat engem Messer menacéiert gehat hätt fir dem Mann säin Auto ze klauen. D'Police hätt de concernéierten Auto kënnen zu Ettelbréck stoppen.

De Chauffer wier aus dem Auto geklommen an hätt d'Polizisten mat engem Messer attackéiert. Deen Ament hätt ee vun de Poliziste mat senger Waff op de Mann geschoss, heescht et am Communiqué.

Enquête vu Justiz an IGP

Den Untersuchungsriichter vun Dikrech an de Parquet vun Dikrech waren op d'Plaz, eng Instruktioun gouf an d'Weeër geleet, D'IGP, d'General-Inspektioun vun der Police, gouf och mat enger Enquête befaasst fir d'Verhale vun der Police z'ënnersichen.

De Moie sinn op de sozialen Reseaue Videoen zirkuléiert, déi zu Ettelbréck sollen opgeholl gi sinn, an op deene Schëss ze héiere sinn.