Kritik u Kommunikatioun Presserot fuerdert méi transparent Kommunikatioun vun der Regierung

D'Presidentin vum Presserot fuerdert, datt d'Regierung méi transparent iwwer de Wee aus dem Confinement kommunizéiert. D'Regierung misst oppe soen, op wéi eng Informatioune si hir Decisioune baséiert, esou d'Ines Kurschat.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web) / Rahel Könen

Ines Kurschat
D'Presidentin vum Presserot, Ines Kurschat

Hanner de Kulisse géife virologesch Fakteuren, epidomiologesch Zeenarien, wirtschaftlech, psychologesch Fakteuren an anerer analyséiert ginn, sou d'Ines Kurschat.

"Si soe just net oppen, op wat fir Grondlage se dat diskutéieren a mat wat fir Experten si dat diskutéiert, a wat hir Zeenarië sinn. Ech fannen et scho relativ pregnant, datt dir am Ausland verschidde Gutachten kënnt gesinn, aus ënnerschiddlechen Instituter, déi hei am Moment iwwerhaapt net virleien."

De Presserot ass och am Gaange Proposen auszeschaffe fir déi journalistesch Aarbecht nees an d'Normalitéit zréckzeféieren. Wann iwwer en Déconfinement geschwat gëtt, da misst et zum Beispill och nees méiglech si Pressekonferenzen ze organiséieren, bei deenen d'Journalisten op der Plaz kennen dobäi sinn, sou d'Ines Kurschat. Am Moment lafen all d'Pressekonferenze vun der Regierung iwwer Videoschaltung.

Schwéier Zäite fir Kultur- a Sportjournalisten

Och de Journalismus kritt kritt déi ekonomesch Auswierkunge vun der Kris ze spieren. D'Presidentin vum Presserot sot de Moien hei op der Antenn, an deene méi groussen Pressehaiser wären am Moment verschidde Journalisten am Chômage partiel.

Wei vill Journalisten am Moment a Kuerzaarbecht si, konnt d'Ines Kurschat net soen. Si huet awer betount bei den Zeitunge géif et grouss finanziell Abousse ginn, well d'Annoncëgeschäft agebrach ass. D'Editeure géifen driwwer nodenken, speziell Finanzhëllefe beim Staat unzefroen, fir d'Ausfäll bei den Annoncen ze kompenséieren.

Chômage partiel bei Saint-Paul

De Paul Peckels, Generaldirekter vum Groupe Saint-Paul Luxembourg, confirméiert op Nofro hinn, datt an de leschte Wochen effektiv e groussen Deel vun hire Recetten an der Publicitéit ewech gefall ass. Haaptsächlech an de kommerzielle Beräicher wieren d'Aktivitéiten deemno "quasi" agestallt, an et misst ee fir eng Rei Mataarbechter op de Chômage partiel missen zréck gräifen.

De Paul Peckels

Wéi d'Medienhaus elo virun op hir finanziell Abousse reagéiere wäert, misst an den nächste Woche nach ausgeschafft ginn, sou de Paul Peckels.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Claudia Monti, Erny Gillen
Confinement

An der Kris wier et besonnesch wichteg, datt d'Regierung hir Decisiounen transparent kommunizéiert, ënnersträicht den Erny Gillen. Duerch den Deconfinement géif een an eng nei Situatioun kommen.

François Bausch, Aline Muller, Vic Arendt
Riicht Eraus

Vu muer u gëtt nees op de Schantercher geschafft. D'Reprise um Bau ass en éischte Schrëtt um Wee an Etappen zeréck an d'Normalitéit. Mir hu mam François Bausch, Aline Muller a mam Vic Arendt geschwat.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen