Radioen

On air

Kultur um 5  |  Den éischten Ausfluch fir eise Soundatlas.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Groupe HRS: Presidence vum Verwaltungsrot huet sech direkt impfe gelooss

Impfplang

Groupe HRS: Presidence vum Verwaltungsrot huet sech direkt impfe gelooss

D'Presidence vum Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert Schuman huet sech direkt um Ufank géint Covid-19 impfe gelooss, obwuel d'Membere vun de Verwaltungsréit vun de Spideeler dem Gesondheetsministère no réischt um Enn vun der zweeter Phas sollen un d'Rei kommen.

auto_stories

2 min


Lauschtert de ganze Bäitrag heiplay_arrow



An engem Mail un d'Spidolsfederatioun, deen eis virläit, huet de Gesondheetsministère Mëtt Januar geschriwwen, datt d'Membere vun de Verwaltungsréit vun de Spideeler net ënner déi éischt Phas vun der Impfcampagne falen - et sief da si wieren Deel vum Gesondheetspersonal.

Verwaltungsrot à priori net a Phas 1

De Santésdirekter Jean-Claude Schmit sot eis, datt d'Phas 1 fir déi Leit an de Spideeler wier, déi am Kontakt mat Patiente sinn. De Spriecher vun den Hôpitaux Robert Schuman gesäit dat anescht.

De President Jean-Louis Schiltz an d'Vizepresidente Michel Wurth a Claude Seywert géifen als Burösmembere vum Verwaltungsrot zur Gouvernance systémique gehéieren.

Ugangs wiere keng Guidelines do gewiescht

Deemno hätte si vun Ufank un zu den 3.200 Persoune gezielt, déi de Spidolsgrupp Ufank Januar definéiert hätt fir d'Klinik mat enger Impfung ze securiséieren.

De Marc Glesener, Spriecher vum Grupp Hôpitaux Robert Schuman:

"Am Ufank war guer keng Guideline do, do gouf gesot d'Spidol misst securiséiert ginn. Dunn hu mir prioriséiert. 3.200 Invitatiounen an dovun déi dräi vum Büro vum Conseil d'Administration. Duerno dräi Wochen drop koum eng Nott vum Gesondheetsministère wou genau dra stoung wat si sech ënner der Prioritiséirung virstellen, an datt dat zwar net de CA wier, mee d'Gouvernance misst och geimpft ginn. An zu där Gouvernance gehéiere bei eis dräi Leit, dat ass de Büro vum Conseil d'Administration."

Dem Marc Glesener no géife souwuel e President wéi d'Vizepresidente vum Verwaltungsrot vum Groupe HRS reegelméisseg u Reuniounen deel huelen, a si géife sech um Site Kierchbierg respektiv an der Zitha ophalen.

Well net genuch Impfstoff do ass fir all d'Leit mateneen ze impfen, huet Lëtzebuerg e 6-Stufeplang, deen definéiert, wie wéini un d'Rei kënnt. Déi éischt Phasë si mam Ethikrot ofgeschwat fir eng sënnvoll a gerecht Prioriséierung ze maachen.