arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Preparatioun vun den nächste Karriäreschrëtt

Dino Topmöller

|
reading time

1 min

Preparatioun vun den nächste Karriäreschrëtt

Am Moment gëtt weltwäit quasi kee Fussball gespillt. Den Dino Topmöller profitéiert vun där Zäit fir d'UEFA Pro-Lizenz ze kréien, deen héchsten Trainerschäin an Europa.

reading time

1 min

U sech hätt hie schonn d'Prüfunge misste gemaach hunn, mee d'Corona-Pandemie huet dat onméiglech gemaach, esou de fréieren Trainer vun de Lëtzebuerger Clibb Hamm-Benfica an F91 Diddeleng am 100,7-Interview.

Hie wier net frou, net méi beim FC Virton ze sinn, esou de Saarlänner. Viru fënnef Méint hat den 39-Joer alen Däitsche beim Club vum Flavio Becca demissionéiert.

Mee och wéinst der Corona-Pandemie huet den Trainer Zäit säin nächste Karriäreschrëtt iwwerluecht virzebereeden.