arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Potentiellen Interessekonflikt bei der ALIA

Autorité luxembourgeoise indép

|
reading time

1 min

Potentiellen Interessekonflikt bei der ALIA

Wéinst engem potentiellen Interessekonflikt kann den Direkter vum Lëtzebuerger Kontrollorgan ALIA verschidden Dossieren net selwer traitéieren, esou de President vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel Thierry Hoscheit op eis Nofro hin.

reading time

1 min

Dem ALIA-Direkter Paul H. Lorenz seng Fra ass op Responsabilitéits-Postë bei Lëtzebuerger Gesellschafte vu United Group: dëse Grupp huet Medien-Aktivitéiten a Süd-Ost-Europa, déi vun der Lëtzebuerger ALIA kontrolléiert ginn.

An de leschte béide Joren hätten et zwou Plaintë bei der ALIA ginn, wéinst Televisiouns-Senderen déi zu dësem Grupp gehéieren. An dëse Fäll wieren d'Enquêtë vun der Cheffin vum Service juridique bei der ALIA gemaach ginn, an net - wéi et am Gesetz vir gesinn ass - vum Direkter selwer, esou den Thierry Hoscheit.

De fréiere Mataarbechter vun RTL Group Paul H. Lorenz, deen zënter knapp zwee Joer ALIA-Direkter ass, war fréier och bei der Finanzbedeelegungsgesellschaft Adria News sàrl. aktiv: eng Gesellschaft, déi och zu United Group gehéiert.