D'Opdeelung vun de sechs Personalvertrieder am Verwaltungsrot vun der Post seet eppes iwwer d'Personal an der Post aus: Bei de Walen 2012 waren et véier Mandater ënner dem Statut vum Droit public an zwee Mandater ënner dem Statut vum Droit privé. 2017 war et hallef hallef, an dës Kéier fir d'éischte Kéier véier Vertrieder fir d'Salariat a just nach zwee fir d'Beamten.
Opdeelung vu Personalvertrieder am Verwaltungsrot ass e Problem fir Postsyndicat
Fréier hunn an der Post just Beamte geschafft, d'Tendenz geet zanter Joren an déi aner Richtung. Den OGBL huet mat där neier Opdeelung vun de Personalvertrieder am Verwaltungsrot kee Probleem, esou de Christian Sikorski:
"Well d'Gesetz jo kloer ass, datt einfach gesot gëtt, mir kucken de Rapport tëschent de Fonctionnairen an de Salariéeën an da par Rapport zu deem Verhältnis gëtt dann och déi Unzuel vun de Vetrieder am Verwaltungsrot, gëtt deem dann och gerecht. Also ech mengen dat ass jo eng demokratesch Approche."
Ganz anescht ass d'Stëmmung beim Postsyndicat, deen zur CGFP gehéiert. D'Gewerkschaft huet d'Wale vun dëser Woch probéiert virum Verwaltungsgeriicht ze verhënneren, ouni Erfolleg.
De President vum Postsyndicat kënnegt elo weider gewerkschaftlech Aktiounen un: Et wier een an enger Situatioun, an där ee sech lo all d'Rechter vun enger Gewerkschaft misst huelen, fir Gehéier ze kréien, esou de Gilbert Goergen.
OGBL kritt Manktem un Interessi virgehäit
Am Urteel vum Verwaltungsgeriicht kritt de Postsyndicat ënner anerem reprochéiert déi aner Gewerkschaften, also OGBL an LCGB, net mat agebonnen ze hunn. De Gilbert Goergen vun der Postgewerkschaft seet dozou, et hätt ee bis dato net gewosst, wie mat an d'Wale kéint goen:
" [...] an haut weess ee jo datt en OGBL mol keng Lëscht gemaach huet. Also war et fir eis elo schwéier ee mat un den Dësch ze huelen, oder besser gesot engem eng Chance ze gi fir sech ze äusseren, wann een emol selwer keen Interêt huet eng Lëscht ze stelle fir d'Walen fir de Conseil d'Administration."
Mat Desintressi hätt dat näischt ze dinn, erkläert de Christian Sikorski vum OGBL op eis Nofro hin:
"Dat ass eng komplett Ligen. Mee mir sinn ebe Realisten. Dat heescht d'Kräfteverhältnis ass eben elo esou beim Salariat, datt mir souwisou keng Chancen hate fir do an de Verwaltungsrot eragewielt ze ginn. Dofir hu mir keng Kandidaten opgestallt fir och, soe mir mol, d'Demokratie am Kräfteverhältnis ze respektéieren. Dat ass net aus Manktem vun Interêt."
LCGB ass frou mam Resultat
D'Resultater op der Säit vun de Fonctionnaire gi muer ausgewäert, déi vum Salariat si schonn ausgezielt. Do krut den LCGB ee Vertrieder méi an de Verwaltungsrot wéi d'lescht Kéier, dat op Käschte vum Postsyndicat.
Den LCGB ass eegenen Aussoen no frou iwwer dat Resultat, a kann d'Kritike vum Postsyndikat um Walmodus fir d'Vertrieder am Verwaltungsrot net novollzéien, esou d'LCGB-Gewerkschaftssekretärin Céline Conter op eis Nofro hin.