arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Positiven Tëschebilan

Médiateur de la Consommation

|
reading time

2 min

Positiven Tëschebilan

An de leschten zwee an engem hallwe Joer huet de Service du Médiateur de la Consommation 760 Fäll behandelt, esou de Claude Fellens. A gutt engem Drëttel vun de Sträitfäll koum et zu enger Mediatioun. D'Vermëttlunge konnte bis elo a 93 Prozent vun de Fäll positiv ofgeschloss ginn.

reading time

2 min

De Claude Fellens begréisst, datt d'Regierung an hirem Koalitiounsaccord 2018 déi aussergeriichtlech Prozedure generell ënnerstëtzt; dës Kéier vill méi, wéi dat 2013 de Fall war, esou de Médiateur de la Consommation. Mam nationalen a mam europäesche Konsumenteschutz hätt een excellent Relatiounen, huet hie betount.

D'Schafe vun engem Konsumenteschutzministère hätt keen direkten Afloss op d'Aarbecht vum nationale Service du Médiateur de la Consommation. "Ech ginn dovun aus, datt den neie Ministère och an dësem spezifesche Beräich vun der Consommatioun déi règlements extra-judiciaire wäert weider promouvéieren a weider ënnerstëtzten."

Wann d'Vertraue bis verluer ass

E groussen Deel vun de Konflikter ginn et am Bau-Secteur. De Claude Fellens erkläert, wéi eng Mediatiounssitzung verleeft.

"D'Leit si mat ganz vill Hoffnung an all déi Kontrakter gaangen, si hate Vertrauen an d'Géigepartie an dat Vertrauen ass eben zerstéiert ginn. An eng Mediatioun fänkt gewéinlech esou un, datt mer kucke fir mat de Parteien auszeschaffen, wéi mer wëllen zesummeschaffen. Da gesinn d'Parteien, datt effektiv d'Grondwäerter nach ëmmer déi nämmlecht sinn. Da sammele mir d'Themen, fir datt een en Iwwerbléck kritt, wat eigentlech zur Debatt steet. All Partei huet dann d'Recht all d'Themen opzebréngen. An da gëtt Thema fir Thema verschafft, mir kucke wat d'Motivatiounen hanner deenen eenzele Positioune sinn, wat d'Leit motivéiert fir eben dat ze maachen, oder esou ze reagéieren, wéi se reagéiert hunn. An da kënnt déi lescht Etapp, wou mir da kreativ Léisunge sichen an hoffentlech de Mediatiounsvertrag ënnerschreiwen."

"Et geet ëm vill Suen"

Ëm wéi vill Sue geet et an de Sträitfäll? De Claude Fellens seet, datt et "erstaunlecherweis a ganz erfreelecherweis" ëm relativ vill Sue géif goen. "Mir hunn am Moment eng Moyenne vun 32.000 Euro pro Fall."

Dat hätt ee sech net erwaart, well d'Gesetz eigentlech geduecht war fir datt d'Leit kéinten de Service notzen, wann de Montant vum Sträitfall net héich genuch ass, fir viru Geriicht ze goen, esou de Claude Fellens.

Den nationale Service du Médiateur de la Consommation gëtt et zanter Enn 2016. De Service huet zanterhier 760 Demandë kritt: a bal 290 Sträitfäll koum et zu enger Mediatioun.