Mat dësem Orientéierungs-Guide soll Investisseuren, wéi Camping-Bedreiwer oder Gemenge gehollef kréien, Plaze speziell fir Camping Autoen ze amenagéiere.
Mëllerdall ass Virreider am Camping-Tourismus
De Mëllerdall wier ee Virreider wat Camping-Tourismus ugeet, seet de Christophe Origer, President vum ORT Mëllerdall. Hien erkläert d'Méiglechkeet fir Parke speziell fir Camper ze amenagéieren. De Mëllerdall wier generell eng Regioun wou d'Campinge ganz staark vertruede wieren.
"Mier hunn iwwer 25000 Nuitéeë gehat eleng d'lescht Joer wou e groussen Deel op Campinge verzeechent gëtt."
Nofro fir Camperplaze klëmmt am ganze Land
Gläichzäiteg goufen hei zu Lëtzebuerg scho laang keng nei Campinge méi opgemaach, wei d'Linda Gedink, Generalsekretärin vu Camprilux, erkläert.
Zanter 1984 hätt Lëtzebuerg keng nei Campinger méi bäikritt. Grond dofir wiere verschidden Ursaachen. De gréisste Problem wier den Terrain an d'Geneemegunge fir eng Zone Récréative kënnen ze kréien. Well och Campinger zoumaachen, géing d'Offer eigentlech all Joer souguer bëssen zeréck goen, ergänzt d'Linda Gedink.
An der Stad Lëtzebuerg géif et den Ament just ee Camping op der Kockelscheier ginn, ënnersträicht den Tom Bellion, Direkter vum Luxembourg City Tourist Office. Am beschte Fall géife méi Plazen amenagéiert ginn, datt d'Camper-Touristen nach méi einfach d'Stad kéinte besichen.