Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Communicaution - Diggin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Positioun weider ausbauen"

Sozialwahlen

"Positioun weider ausbauen"

Bei de Sozialwahlen am Mäerz wëllt den OGBL seng Positioun als gréisste Gewerkschaft am Land weider ausbauen. Den OGBL wier als gréisste Gewerkschaft och déi, déi sech am meeschte fir d'Interessie vun de Salariéë kéint a géif asetzen, sot den OGBL President André Roeltgen. Dem OGBL wier et zum Beispill ze verdanken, datt de System fir déi automatesch Indexéierung vun de Salairen erhale bliwwen ass.

auto_stories

3 min

André Roeltgen

Ouni den Asaz vum OGBL bei de Verhandlungen iwwer d'Pan Gesetz fir d'Aarbechtszäite géif et haut hei am Land och "de-regulariséiert" Aarbechtszäiten, huet den André Roeltgen nach ervirgehuewen. D'Zil vum OGBL wier nach ëmmer, eng Eenhetsgewerkschaft am Land. Dat géif awer net heeschen, datt den OGBL aner Gewerkschafte géif marginaliséieren.

Den onofhängege Gewerkschaftsbond wier fir eng gewerkschaftlech Eenheet, "dat heescht mir hu probéiert eng Positioun ze vertrieden, wann et ëm den Index geet, wann et ëm d'Pensiounsreform geet, oder erëm Kollektivverträg, zum Beispill am Bausecteur. Mir waren déi, déi d'Eenheet proposéiert hunn, mee am Bau ass den LCGB eis massiv an de Réck gefall."

An awer wier et dem OGBL gelongen, fir e gudden Accord an dem Beräich auszehandelen. Am Gesondheetswiese géif et momentan ähnlech Problemer ginn.

"Weiderhinn de President vun der Salariatskammer stellen"

Den OGBL wëllt no de Sozialwahle weiderhin de President vun der Chambre des Salariés stellen, ënnersträicht den OGBL-President André Roeltgen. Wien dee Poste géif besetzen, wann den OGBL d'Wahle gewënnt, wëllt den André Roeltgen awer net soen. "Mir hunn dat intern diskutéiert, an dat bléift intern," esou de OGBL-President. Hie wéilt och net kommentéieren, ob hie selwer um Posten interesséiert ass.

"Ech sinn am Moment Member an der Plenière vun der Chambre des Salariés. An ech hunn elo nach eng Kéier meng Kandidatur gestallt fir erëm Member an der Plenière ze ginn. An elo waarde mir d'Resultater of, an duerno gesi mir weider."

Et misst een elo emol d'Sozialwahlen an dono d'Decisioun vun der Assemblée plénière ofwaarden.

"Inhaltlech diskutéieren a sech net a Streidereie verléieren"

Dem André Roeltgen no wier et wichteg fir eng Zersplitterung vun der Gewerkschaftszeen ze verhënneren. Wien dat wéilt erreechen, misst den OGBL stäerken, well et déi gréisste Gewerkschaft am Land ass, esou den André Roeltgen.

Den André Roeltgen wëllt sech awer net virun de Sozialwahle mam LCGB-President Patrick Dury moossen. De Kaméidi tëschent de Gewerkschafte wier am Interessi vum LCGB an net vum OGBL. Hie wéilt d'Diskussioun inhaltlech féieren a verhënneren, "datt déi ganz Diskussioun an engem Sozialwahljoer esou ausaart, datt mir an eng Logik vu gewerkschaftlecher Zersplitterung a Krich tëschent Gewerkschafte kommen".