Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Portugise si bei eis wëllkomm - als Aarbechter, an net méi!

Fräie Mikro

Portugise si bei eis wëllkomm - als Aarbechter, an net méi!

De Mëttwoch war portugiseschen Nationalfeierdag. Eng gutt Geleeënheet, e Bléck op d'Liewensbedéngunge vun de Portugisen zu Lëtzebuerg ze werfen an ze kucken, ob si mat hire Bedierfnesser a Problemer vun eiser Politik eescht geholl ginn. Iwwerleeunge vun der Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés.

auto_stories

3 min

Laura Zuccoli, Presidentin vun der Asbl ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. (Foto: Archiv)

Um 1. Januar 2020 ware 15 Prozent vun den Awunner vu Lëtzebuerg Portugisen, ronn een Drëttel vun allen Auslänner zu Lëtzebuerg hunn déi portugisesch Nationalitéit. D'Portugise wanderen nach ëmmer op Lëtzebuerg aus: 2019 waren et der ronn 4.200, zéng Prozent méi wéi 2018. De Migratiounssaldo vun de Portugise louch allerdéngs 2019 nëmme bei ronn 1.000 Persounen. Et schéngt deemno, wéi wann der och vill eist Land erëm verloossen. Aus wéi engen Ursaachen, wier intressant ze wëssen, besonnesch well eng rezent Etüd vun der Uni Lëtzebuerg erausfonnt huet, datt d'Zuel vun de Portugisen, déi déi lëtzebuergesch Nationalitéit ufroen, zanter 2010 stänneg zeréckgeet.

De Staat huet an de leschte Jore systematesch Migrantewunnenge fir Männer, déi eleng liewen, ofgebaut. Vill Portugisen, déi nei an d'Land kommen, liewen dofir an Zëmmeren iwwer Caféen, ënner schlechte Bedéngungen an op enkstem Raum. Wien huet wärend der Pandemie un dës Leit geduecht? Well d'Caféen zou waren, gouf net méi fir si gekacht a si hu missen auswäerts fir méi Geld Iessen organiséieren.

Un der Front

Vill vun de knapp 100.000 Portugisen am Land sinn Aarbechter um Bau, am Botzsecteur oder a manner qualifizéierte Beruffer, schaffen am Gruef, bauen eis Stroossen an Haiser, botzen eis Spideeler, Büroen a Wunnengen a verdénge fir dës haart Aarbecht, déi d'Gesondheet besonnesch ugräift, just de Mindestloun. Etlech vun hinne musse fréizäiteg an d'Invaliderent oder hu chronesch gesondheetlech Problemer.

Als Botzfraen hu si wärend der Covid-Kris weider gebotzt an als Bauaarbechter ware si déi éischt, déi nom Lockdown erëm hu misse schaffe goen - obwuel si grad wéi mir ëm hir Gesondheet besuergt waren. Haut, op hirem Nationalfeierdag, ass dofir eng gutt Geleeënheet, och hinnen eis Dankbarkeet auszedrécken.

Enn Mäerz 2015 louch d'Moyenne vum Stonneloun zu Lëtzebuerg bei 25,7 €. D'Portugisen hunn am Duerchschnëtt 15,27 € d'Stonn verdéngt an d'Lëtzebuerger 28,81 €, also bal dat Duebelt! Et gi kaum bëlleg Wunnengen um Maart. Souguer Braken, déi soss nëmme vu Portugise kaf an an d'Rei gesat goufen, ginn haut vill ze deier verkaf. Dofir ginn och ëmmer méi Portugisen, d'selwecht wéi vill Lëtzebuerger, an d'Grenzregioun no enger Wunneng sichen. Mam Mindestloun kann ee sech zu Lëtzebuerg keng Wunneng leeschten, och wann een zu zwee schafft. Vill Portugisen hunn zwar an der Hoffnung, enges Daags nees zeréckzegoen, a Portugal en Haus gebaut. Mee zu Lëtzebuerg hu si ausser vläicht engem Haus, kaum en Terrain oder e Startkapital, fir hire Kanner mat op de Wee ze ginn.

Systematesch benodeelegt

A propos Kanner: Vill vun de portugiseschen Elteren hunn net vill Schoulausbildung, schaffen haaptsächlech mat anere Landsleit zesummen a kënne sech dofir net ëmmer gutt an enger anerer Sprooch ausdrécken. Si kënnen dofir hire Kanner kaum an der Schoul weiderhëllefen.

D'Zuelen iwwer déi schoulesch Orientéierung vun de Kanner an den Enseignement Secondaire schwätzen eng däitlech an erschreckend Sprooch: 49 Prozent vun de Lëtzebuerger Schüler ginn an de Klassik orientéiert, mee nëmmen 11 Prozent vun de portugiseschen. Dogéint goufen nëmmen 8 Prozent vun de Lëtzebuerger an de Modulär orientéiert, an awer 28,1 Prozent vun de portugisesche Schüler. Systematesch gi schonn zanter Joren iwwer 40 Prozent vun de portugisesche Schüler an den Enseignement Technique geleet. Dës Zuele weisen däitlech, datt eise Schoulsystem ouni Gnod diskriminatoresch mat auslänneschen Aarbechterkanner verfiert.

Do stellt sech sécher deen een oder anere portugisesche Migrant d'Fro, ob säi Migratiounsdram sech fir seng Kanner gelount huet?

A wien intresséiert d'Äntwert?

Keen! Si si jo keng Wieler!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.