Radioen

On air

Notturno  |  Lucio Battisti - Ami Ancora Elisa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Portugal wielt, och zu Lëtzebuerg

Walen

Portugal wielt, och zu Lëtzebuerg

E Sonndeg si Presidentschaftswalen a Portugal. Och hei am Land sti 44.600 Portugisen op der Lëscht fir mat wielen ze goen. Gewéinlech ass den Taux d'abstention héich, souwuel a Portugal selwer, wéi och bei der lusophoner Communautéit zu Lëtzebuerg. Vill vun de Portugisen hei am Land géife sech net fir d'Politik vu Lissabon a ronderëm interesséieren, seet de portugiseschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, António Gamito. Dat kéint awer bei dëse Walen e bëssen anescht sinn.

auto_stories

3 min

Eppes méi wéi 100.000 Portugise liewen zu Lëtzebuerg, manner wéi d'Hallschent ass also ageschriwwen op de Wallëschte vum Konsulat op der Lonkescher Strooss an der Stad. Eng Walflicht gëtt et am südeuropäesche Land net, esou datt onkloer ass, wéi vill Leit sech e Samschdeg an e Sonndeg wäerten deplacéiere fir hir Stëmm ofzeginn. Datt et ee groussen Undrang wäert ginn, gleeft de portugiseschen Ambassadeur Antonio Gamito net. Vill Portugise vun hei hätte kee richtegen Drot zur portugisescher Politik.

Dobäi kënnt: fir d'Presidentschaftswalen a Portugal gëtt et keng Bréifwal - anescht wéi bei de Parlamentswalen. Och dat géif vill Portugisen am Ausland vum Vott ofhalen.

CLAE-Vizepresident: Vill Portugisen hätte kee Vertrauen an d'Politik

Den Antonio Valente ass Vize-President vum CLAE, dem Comité, deen de Lien mécht tëschent Associatioune vun Immigranten hei am Land an ënner anerem de Festival des migrations organiséiert. Den Hiefenecher ass och staark verankert an der portugisescher Communautéit hei am Land. Hien deelt d'Analys, datt vill Portugise wéineg Interessi un der Politik an hirem Land - mee och doriwwer eraus hätten. Hie géif perséinlech Leit kennen, déi zanter 30 Joer zu Lëtzebuerg liewen, déi och a Portugal gelieft hätten, an déi nach ni a Portugal gewielt hätten.

D'Grënn fir déi Politikmiddegkeet sicht den Antonio Valente an der Geschicht, méi genee an den Evenementer no 1974. No der Revolutioun de 25. Abrëll wieren d'Leit enttäuscht vun der Politik gewiescht. Duerch Regierungschangementer a Korruptioun hätten d'Leit eng "schlecht Iddi" vun der Politik.

De Botschafter Antonio Gamito verweist éischter op eng méi generell Politikverdrossenheet iwwerall an Europa. Grad wéinst der Pandemie, vun där Portugal den Ament schwéier getraff ass, gëtt bei dëse Presidentschaftswalen awer am Grousse Ganze mat enger héijer Enthalung gerechent, esou den Diplomat. An normalen Zäite géif sech de Prozentsaz ëm 50 Prozent dréien, dës Kéier rechent de Botschafter éischter mat 70-75 Prozent.

E populistesche Kandidat kéint Net-Wieler motivéieren ze wielen

Den Ëmfroen no dierft den aktuelle President Marcelo Rebelo da Sousa de Weekend erëmgewielt ginn. De Jurist a Politikwëssenschaftler steet zanter 2016 un der Spëtzt vum Land. Mee och een aner Kandidat deet vu sech schwätzen, a sief et nëmmen, well d'Marine Le Pen hie viru Kuerzem am Walkampf ënnerstëtze koum. Rieds ass vum populistesche Kandidat André Ventura vun der Partei Chega. Den Antonio Valente vum CLAE seet, nodeems wat hien a sengem Ëmfeld héiert, kéint dee Kandidat och eng Rei Portugisen zu Lëtzebuerg motivéieren awer wielen ze goen.

Déi Echoen, déi natierlech net representativ sinn, maachen dem Antonio Valente Suergen. De Ventura wier mat sengen islam- an immigratiounsfeindleche Positiounen een Extremist. An och wann hien déi hei Walen net wäert gewannen, kéint hie sech vläicht mat engem gewëssen Elan an zwee Joer bei de Parlamentswalen erëm opstellen. Mat de Resultater vun dëse Presidentschaftswalen ass an der Nuecht op e Méindeg ze rechnen.