Wirtschaftsrelatiounen Portugal a Lëtzebuerg: Eng méi enk Kooperatioun

Bei de wirtschaftleche Relatioune mat Portugal gëtt et vill Sputt no uewen, soe souwuel den Ausseminister Jean Asselborn wéi och de Wirtschaftsminister Franz Fayot op der Staatsvisitt a Portugal.

Paule Rodesch (Lissabon, Portugal) / cbi

Francisco André, Franz Fayot
De Wirtschaftsminister Franz Fayot (riets) zesumme mam portugisesche Staatssekretär fir d'Kooperatioun. Foto: Wirtschaftsministère

Aktuell ass Portugal vun den europäeschen Handelspartner vu Lëtzebuerg nëmmen op 14. Plaz. Parallel zu der Staatsvisitt a Portugal ass den Ament och eng Wirtschaftsmissioun mat iwwer 100 Delegéierten an der portugisescher Haaptstad.

Am Mëttelpunkt stinn do d'Beräicher Weltraum, digital Ekonomie, nohalteg Constructioun an Tourismus. Souwuel d'Pandemie, wéi de Krich an der Ukrain hätte gewisen, datt Europa méi no misst zesumme réckelen.

Industrië stäerken

Doranner léich awer och grousst Potential, sou den LSAP-Minister: engersäits kéint ee strategesch Industrie verstäerken, mee anerersäits och nei Industrien an d'EU bréngen. Als Beispill nennt de Franz Fayot Semiconducteuren oder Batterie fir E-Autoen.

Een anert Beispill wier d'Pharmaindustrie, wou ee gesinn hätt, datt net genuch an Europa produzéiert gëtt. A ville Beräicher hätt ee gemierkt, datt se ze wäit vun Europa wech sinn - grad fir Lëtzebuerg als ee klengt Land. "Dofir mécht et ganz vill Sënn fir mat engem Land wéi Portugal zesummen ze schaffen", seet de Wirtschaftsminister.

Portugal wier nämlech duerch seng Relatioune mat aussereuropäesche Länner, ënner anerem mat Latäinamerika immens gutt positionéiert, fir an deem Beräich Efforten ze maachen.

Finanzrelatioune mat Portugal stäerken

Och am Beräich vun den nohaltege Finanze wéilte béid Säiten hir Relatioune verdéiwen, sot hirersäits d'Finanzministesch Yuriko Backes. Fir si ass et iwweregens déi éischt Staatsvisitt als Ministesch, do virdrun war si jo nach Maréchal de la Cour.

D'Finanzministesch Yuriko Backes an hire portugiseschen Homolog Fernando Medin. Foto: Finanzministère.

Si ass gëschter mat hirem portugiseschen Homolog zesummekomm, dee selwer och eréischt zanter engem Mount am Amt ass. Et sief an deem Kontext erwäänt, datt hir Virgänger, de Pierre Gramegna an de João Leão, allebéid Kandidat sinn fir d'Nofolleg vum Direkter vum Eurokrisefong ESM.

Méi zum Thema

Staatsvisitt a Portugal
International Relatiounen

No 12 Joer ass déi groussherzoglech Koppel fir d'éischte Kéier nees an offizieller Missioun a Portugal. Verschidde Minister an eng Kultur- a Wirtschaftsmissioun si bei der Visitt mat derbäi.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen