Chamberwahlen 2018 Een Dag mat der Sonja Holper

Sonja Holper 2
Foto: Max Dalscheid

Déi nei Biergerinitiativ Demokratie trëtt fir d'éischte Kéier bei de Chamberwahle vum 14. Oktober un. Si fuerdert, datt méi Referendume gemaach ginn, fir datt d'Politik méi vum Vollek matbestëmmt gëtt. Mee d'Biergerinitiativ Demokratie war bal um Enn, éier gewielt gëtt. Nom Fiasko mat de Kandidatelëschten, wou e puer Leit soten, si géife géint hire Wëllen op de Lëschte stoen, wollt Demokratie hir Lëschten nees zeréckzéien. Mee dat goung net méi. An elo trëtt d'Biergerinitiativ dann awer fir d'Chamberwahlen un. Mir hunn d'Sonja Holper, Spëtzekandidatin vun Demokratie am Zentrum, een Dag laang begleet. E Portrait vum Pierre Reyland.


Een Dag mat der Sonja Holper:

Lauschteren


Méi zum Thema

Joe Thein
Chamberwahlen 2018

A knapp engem Mount si Chamberwahlen. Eng Partei, déi dës Kéier fir d'éischt dobäi ass, sinn déi Konservativ. Mir hunn de Joe Thein e ganzen Dag begleet, fir méi iwwer hie gewuer ze ginn.

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen