Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Porte à porte Virwërf géint Déi Lénk: Keng Reklamm fir d'Partei

Verstouss géint d'Walgesetz?

Porte à porte Virwërf géint Déi Lénk: Keng Reklamm fir d'Partei

D'Aktioun 'Notre ville, nos votes' vun Déi Lenk wier eenzeg geduecht, fir datt auslännesch Matbierger sech fir d'Walen aschreiwen. Et wier keng Reklamm fir d'Partei, seet de Guy Foetz vun der Stater Sektioun vun Déi Lénk op Nofro. De Sven Clement vun de Piraten hat der Partei virgehäit, mat hirem porte à porte géint d'Walgesetz ze verstoussen. Dofir misst een elo de Parquet informéieren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den Deputéierte vun de Pirate Sven Clement hat de Sujet an enger parlamentarescher fro opgeworf. De Premier Xavier Bettel huet drop verwisen, datt d'Regierung net zoustänneg wier an d'Geriichter missten tranchéieren.

Et wier een elo obligéiert dem Parquet déi Informatioun weider ze leeden, sou de Sven Clement. Parallel gouf ee Bréif un d'Déi Lénk verschéckt fir Erklärungen ze kréien.

Och Net-Parteimembere waren aktiv

Fir de Guy Foetz vun der Stater Sektioun vun Déi Lenk géif et sech hei awer net ëm eng illegal Aktioun handelen. Et hätt een op de Bréif geäntfert an et géing een den Artikel natierlech kennen, sou de Guy Foetz.

"An datt wa mir bei Leit ginn, an dat sinn natierlech net eleng Déi Lénk, mee dat ass am Kader vun der Compagne 'Notre ville, nos votes', mat anere Leit zesummen, do geet et iwwerhaapt net drëms, fir d'Leit dozou ze bréngen, fir iergendeng Partei ze stëmmen. Et geet drëms, fir sech op d'Wielerlëschten anzedroen."

D'Aktioun war am Dezember vum leschte Joer ugelaf an och per Pressekonferenz ugekënnegt ginn. De Guy Foetz insistéiert, datt och Leit aktiv waren, déi guer net Member vun der Partei sinn.

"Déi sinn erkennbar als Member vun 'Notre ville, nos votes'. Si kontaktéieren d'Leit, ginn hinnen en Depliant, do steet "en association avec Déi Lenk" drop, mee dat ass relativ kleng. Et geet also net drëms fir lo wierklech Reklamm ze maachen."

Am Geescht vun der neier Verfassung

Et géif ee mat där Aktioun och ganz am Geescht vun der neier Verfassung agéieren. Déi gesäit extra vir, datt d'Parteie sollen dozou bäidroen, datt de Suffrage universell garantéiert ass.

An dem Sënn géif sech och d'Fro stellen, op d'Walgesetz mam Verbuet vum porte à porte iwwerhaapt konform zur Verfassung ass, sou nach de Guy Foetz.