Radioen

On air

Notturno  |  Daniel Rossen - Shadow In The Frame

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politolog Philippe Poirier schléisst méiglech Referenden net aus

Verfassungsreform

Politolog Philippe Poirier schléisst méiglech Referenden net aus

De Politolog Philippe Poirier mengt et wier méiglech, d'Ënnerschrëfte vu 25.000 ageschriwwene Wieler zesummen ze kréien, fir Refrenden iwwer déi eenzel Kapitele vun der Verfassungsreform ze erzwéngen.

auto_stories

2 min

De Philippe Poirier ass Politolog op der Uni Lëtzebuerg

25.000 Signature si jo d'Konditioun fir en zweete parlamentaresche Vott duerch eng Volleksofstëmmung ze ersetzen. De Philippe Poirier gleeft awer net drun, datt dat scho beim Kapitel Justiz, iwwer dat haut eng éischte Kéier an der Chamber ofgestëmmt gëtt, geschitt: do wier näischt dran, wat ëmstridde genuch wier.

Bei anere Kapitele schléisst hien et awer net aus. Et misst een nämlech dovun ausgoen, datt et bei 20 bis 25 Prozent vum Elektorat contestatär Tendenze ginn, sou de Professer vun der uni.lu am 100,7-Interview. Et géifen awer nach keng Parteien oder politesch Stréimunge ginn, déi dës Tendenze géifen opgräifen, anescht wéi dat an eisen Nopeschlänner oder an den USA de Fall wier.

"Aucun des partis, qui aurait pu s'emparer de cette forme contestatrice du politique et de la démocratie au Luxembourg, n'a réussi tout à fait à le faire. Y compris l'ADR d'ailleurs.

Éischte Vott haut an der Chamber

D'Chamber stëmmt de Mëtteg eng éischte Kéier iwwer en éischten Deel vun der Verfassungsreform of: d'Kapitel iwwer d'Justiz. Am Laf vun den nächste Méint kommen dann nach dräi aner Kapitelen un d'Rei.

Den Text vun eiser Constitutioun wäert also a véier Etappen ëm- respektiv zum Deel souguer nei geschriwwe ginn - awer just vum Parlament. E Referendum iwwer dee ganze moderniséierten Text, deen déi grouss Parteie virun de Wale vun 2018 an Aussiicht gestallt haten, kënnt net.

Fir datt dat éischt Kapitel definitiv guttgeheescht ass, muss d'Parlament awer nach en zweete Vott huelen. Et sief da 16 Deputéierter oder 25.000 Wieler géifen e Referendum froen.