Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politeschen Eclat an der Gemeng Keel

Gemengepolitik

Politeschen Eclat an der Gemeng Keel

Annerhalleft Joer virun de Gemengewale kritt Keel warscheinlech en neie Schäfferot. Déi aktuell rout-gréng Koalitioun vun der Südgemeng krut gëscht beim Vott vum Gemengebudget keng Majoritéit zesummen. Den LSAP-Conseiller Marcel Humbert huet géint de Budget gestëmmt, an huet dono och mat der CSV an der DP e Mësstrauensvott ugefrot. Dee wäert Ufank Januar sinn, sot eis den LSAP-Buergermeeschter John Lorent.

auto_stories

3 min

Foto: luxalbum.com

De Marcel Humbert huet domat verhënnert, datt säi Parteikolleeg Marco Lux neie Buergermeeschter vu Keel gëtt. De John Lorent sot eis, no 33 Joer an der Gemengepolitik hätt e virgëscht beim Grand-Duc seng Demissioun agereecht. A gëscht am Gemengerot hätt de Marco Lux nom Vott vum Budget sollen als neie Buergermeeschter gewielt ginn. Dozou koum et net méi, nodeems de Sozialist Humbert iwwerraschenderweis géint de Budget gestëmmt an e Mësstrauensvott mat ugefrot huet. Ob de Marcel Humbert Wëlles huet bei d'CSV oder d'DP ze wiesselen, oder als Onofhängege wëll d'DP an d'CSV ënnerstëtzen, ass eis net bekannt.

Grond fir Eklat: Perséinlech Rancunen

Den LSAP-Buergermeeschter John Lorent hat ugangs guer net matkritt, dass säi Parteikolleeg géint de Budget gestëmmt hat. Deen negative Vott huet hien also iwwerrascht, ëmsou méi well de Marcel Humbert am Virfeld guer näischt an deem Sënn duerchblécke gelooss hat. An dofir ass et fir de John Lorent och kloer.

"Et si perséinlech Rancunen, déi eng Roll gespillt hunn. Well souwäit ech mech kann erënneren, huet den Här Humbert an där ganzer Zäit wou mer zesumme souzen net eng Kéier géint iergend en Dossier am Gemengerot gestëmmt. Dat hei ass déi éischt Kéier, awer déi fatal Kéier."

D'Oppositioun dogéint seet sech wéineg iwwerrascht vun deem wat gëscht geschitt ass. "Mir waren ëmmer preparéiert dorop, well dat war eppes wat am Raum stoung", seet de Jean Weiler vun der CSV an de Patrick Krings vun der DP confirméiert dat.

De Marcel Humbert huet all d'Kaarten an der Hand

Fakt ass: zu der geplangter Passation de pouvoir tëscht dem John Lorent (dee sech no 33 Joer aus der Kommunalpolitik zréckzitt) a sengem designéierten Nofollger a Parteikolleeg Marco Lux wäert et net kommen. Dem Marcel Humbert goung méiglecherweis genee dorëm.

Et ass elo eraus: déi ganz Responsabilitéit dréit den Här Humbert op senge Schëlleren.

De Marcel Humbert huet also déi aktuell Majoritéit gestierzt, a wäert eng Schlësselroll spille wann et ëm d'Zesummesetzung vun där nächster geet. Schwaarz-blo wier déi logesch Optioun, mee dofir ass dem Marcel Humbert seng Stëmm noutwenneg, sief et als onofhängegen Conseiller oder als neien CSV- oder DP-Member. De Concernéierte selwer wollt eis de Muergen näischt soen, fir eng Stellungnam wier et nach ze fréi.

Lauschterenplay_arrow

De Jean Weiler gëtt warscheinlech neie Buergermeeschter

Trotzdeem: Villes deit drop hin, dass deen nächste Buergermeeschter vu Keel-Téiteng Jean Weiler heescht. Hie stéing op jiddwer Fall zur Verfügung, sou den beschtgewielten CSV-Conseiller.

"Natierlech, ech si jo mat an d'Wahle gaang fir Verantwortung z'iwwerhuelen. A wann déi Geleeënheet sech bitt, da muss een och dozou stoen."