Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Communicaution - Diggin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politesch Mandater op Gemengenniveau solle méi attraktiv ginn

Gemengewalen

Politesch Mandater op Gemengenniveau solle méi attraktiv ginn

D'Preparatioune fir d'Gemengewalen den 11. Juni lafen, mat och enger Rei Changementer, déi d'Inneministesch Taina Bofferding gëschter nach emol virun der Press presentéiert huet. Esou ass ënnert anerem fir Net-Lëtzebuerger den Aschreiwungsdelai fir ze wielen dëst Joer fir eng éischte Kéier méi laang an d'Residenzklausel vu fënnef Joer fält ewech. Wat awer bestoe bleift ass de Seuil vun den 3.000 Awunner fir vum Majorz- an de Proporzsystem ze wiesselen.

auto_stories

2 min

Foto: MINT

Den Daachverband vun de Gemengesyndikater Syvicol hat rezent gefuerdert, datt dee Wiessel eréischt vu 6.000 Awunner u soll méiglech si mam Zil dass méi Gemengen nom Majorzsystem solle wielen. Dat hält d'LSAP-Ministesch Taina Bofferding fir keng gutt Iddi. Si argumentéiert, datt de Proporzsystem mat Parteilëschte méi transparent wier wéi de Majorzsystem mat eenzele Kandidaten.

Zéng Gemenge wäerten dëst Joer vum Majorz- an de Proporzsystem wiesselen. Dorënner véier Fusiounsgemengen a sechs Gemengen déi elo iwwert deem Seuil vun deenen 3.000 Awunner sinn. Dëst Joer stinn dann och zwou Fusiounen un, nämlech déi vu Groussbous-Wal a Bous-Waldbredimus.

An den nächste Woche géifen elo nach zwee Gesetzer gestëmmt ginn, sou datt et no de Gemengewalen nach 100 Gemenge soll ginn, sou d'Inneministerin Taina Bofferding.

Méi politesche Congé a méi héich Indemnisatiounen

An domat 56 Gemengen am Proporzsystem hunn a 44 Gemengen am Majorzsystem. 1.121 Membere vu Gemengeréit kënne bei de Gemengewalen den 11. Juni gewielt ginn. Zil wier et ënnerschiddlech Leit ze hunn fir déi lokal Politik ze gestalten. D'Inneministesch hofft hei virun allem op méi Jonker a méi Fraen. Aktuell wiere vun de politesche Mandater an de Gemenge knapp engem Véierel vu Frae besat. Et misst ee Frae weider motivéieren, rekrutéieren an an d'Aarbecht integréieren.

"Dat sinn d'Erausfuerderunge vun enger egalitärer, moderner Lokalpolitik an hei si virun allem och d'Parteie gefuerdert."

Fir déi politesch Mandater op Gemengenniveau méi attraktiv ze gestallte wieren iwwerdeems och eng ganz Rei Ännerungen an der Reform vum Gemengegesetz virgesinn. De Gesetzesprojet, dee virum Summer d'lescht Joer deponéiert ginn ass, gesäit ënnert anerem méi politesche Congé an d'Erhéijung vun der Indemnisatioun vir. D'Inneministesch Taina Bofferding hofft dass d'Gesetz nach virun de Gemengewale gestëmmt gëtt.