D'Motioun vun engem klenge Grupp onofhängegen Deputéierten, genannt Liot, wäert vun der Oppositiounspartei La France Insoumise ënnerstëtzt ginn.
Opléisung vun der Regierung onwarscheinlech
Se hätt och déi meeschte Chancen, och vum extrem rietse Rassemblement National ënnerstëtzt ze ginn, heescht et vun der franséischer Presse Agence.
Eng absolut Majoritéit ze erreechen, déi fir een Opléise vun der Regierung néideg ass, ass allerdéngs éischter onwarscheinlech.
Iwwerdeems schéngt ee sech bei Les Republicains net eens ze ginn: De Parteichef Eric Ciotti huet ugekënnegt, datt sech LR-Deputéiert kenger Motioun uschléisse géingen. Ma kuerz drop hätt den Deputéierten Aurelien Pradié him awer widdersprach.
Elisabeth Borne ass geschwächt
Vu Regierungssäit géing een net zouloossen, datt de Reckgreff op den 49.3, fir déi ëmstridde Pensiounsreform duerchzesetzen, als Mësserfolleg bezeechent gëtt.
Ee Member vun der Majoritéitsfraktioun, deen anonym wollt bleiwen, seet der franséischer Presseagence géigeniwwer, datt déi aktuell Situatioun ee "Crash" wier, an eng Opléisung néideg wier.
Déi meescht Observateure sinn sech awer eens, datt d'Regierungscheffin Elisabeth Borne duerch déi aktuell Prozedure geschwächt ass.
Iwwerdeems ruffen d'Gewerkschaften zu weidere Mobiliséierungen iwwer de Weekend op. Och de Jean-Luc Mélanchon vun France Insoumise huet zu spontane Protester am ganze Land opgeruff.
Eng nächst grouss Demonstratioun ass fir den nächsten Donneschdeg virgesinn.