Vu Pensiounsreform bis Mësstrauensvott Politesch Kris a Frankräich

Et schéngt nach onkloer, wéi et a Frankräich an der aktueller politescher Kris weider geet. Eng Motioun fir ee Mësstrauensvott vun engem klenge Grupp vun onofhängegen Deputéierte wäert souwuel vun der La France Insoumise, wéi och vum extrem rietse Rassemblement National ënnerstëtzt ginn. Ma datt déi néideg Majoritéit erreecht gëtt ass éischter onwarscheinlech.

Morgane Weidig / jod

Streik a Frankräich
"Manu dépasse les Borne" ass op de Plakater vun Demonstranten ze liesen. (Foto: picture alliance / NurPhoto)

Lauschteren


D'Motioun vun engem klenge Grupp onofhängegen Deputéierten, genannt Liot, wäert vun der Oppositiounspartei La France Insoumise ënnerstëtzt ginn.

Opléisung vun der Regierung onwarscheinlech

Se hätt och déi meeschte Chancen, och vum extrem rietse Rassemblement National ënnerstëtzt ze ginn, heescht et vun der franséischer Presse Agence.

Eng absolut Majoritéit ze erreechen, déi fir een Opléise vun der Regierung néideg ass, ass allerdéngs éischter onwarscheinlech.

Iwwerdeems schéngt ee sech bei Les Republicains net eens ze ginn: De Parteichef Eric Ciotti huet ugekënnegt, datt sech LR-Deputéiert kenger Motioun uschléisse géingen. Ma kuerz drop hätt den Deputéierten Aurelien Pradié him awer widdersprach.

Elisabeth Borne ass geschwächt

Vu Regierungssäit géing een net zouloossen, datt de Reckgreff op den 49.3, fir déi ëmstridde Pensiounsreform duerchzesetzen, als Mësserfolleg bezeechent gëtt.

Ee Member vun der Majoritéitsfraktioun, deen anonym wollt bleiwen, seet der franséischer Presseagence géigeniwwer, datt déi aktuell Situatioun ee "Crash" wier, an eng Opléisung néideg wier.

Déi meescht Observateure sinn sech awer eens, datt d'Regierungscheffin Elisabeth Borne duerch déi aktuell Prozedure geschwächt ass.

Iwwerdeems ruffen d'Gewerkschaften zu weidere Mobiliséierungen iwwer de Weekend op. Och de Jean-Luc Mélanchon vun France Insoumise huet zu spontane Protester am ganze Land opgeruff.

Eng nächst grouss Demonstratioun ass fir den nächsten Donneschdeg virgesinn.

Méi zum Thema

Chamber
Investitiounsstrategie

Wat halen déi an der Chamber vertruede Parteie vun der Aart a Weis, wéi d'Pensiounsreserven, also d'Cotisatioune vun de Leit, de Betriber an dem Staat, geréiert ginn? Doriwwer gouf den Donneschdeg an der Chamber diskutéiert.

Streik
Ëmstridde Reform

A Frankräich gëtt haut massiv géint déi ëmstridde Rentereform demonstréiert. Besonnesch den ëffentlechen Transport an den Enseignement si staark betraff. Dat soll awer just den Ufank vun den Demonstratioune sinn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen