Ugeschwat op d'Kritik un den Ëmstänn vun der Formatioun, déi d'Police-Gewerkschaft SNPGL dës Woch formuléiert hat, seet den Zentral Direkter fir Strategie a Performanz bei der Police, datt d'Ausbildung effektiv eng Erausfuerderung wier.
Den Alain Engelhardt erkläert, datt Formatioun vun 200 Kandidaten en Challenge wier. Dat fir jiddereen, ob dat de Kandidat selwer wier oder ob et op den Unitéite wier. Si wieren sech deem bewosst an et misst ee kollektiven Effort gemaach ginn.
Visioun vu 600 neie Beamten um Terrain
Zanter dräi Joer gi Kandidate rekrutéiert déi dann eng Formatioun vun zwee Joer duerchlafen. Dat éischt Joer an der Schoul an am zweete Joer geet et fir d'Stagiären dann op den Terrain a verschidde Kommissariater. Och do, mussen si encadréiert ginn.
Queesch duerch d'Land hätte si eng ronn Honnert Tuteuren, déi forméiert goufe spezifesch de Stagiärinnen a Stagiären ze hëllefen och wa Problemer géifen opdauchen si ze guidéieren.
Den Ament sinn nach bal 400 Schüler an der Formatioun déi d'lescht Joer ugefaangen hunn an engem Joer vereedegt wäerte ginn. De Policeminister Henri Kox géif sech wënschen datt, fir déi uviséiert 600 nei Beamten op den Terrain ze kréien, nach weider Rekrutementer gemaach ginn. Dat, fir d'Plaze vun deenen ze besetzen, déi am Laf vun hirer Formatioun ofsprangen.