Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Policegewerkschaft ass elo awer géint Bodycams

Police

Policegewerkschaft ass elo awer géint Bodycams

De Gesetzesprojet iwwer déi sougenannte Bodycams bei der Police suergt nees fir Diskussiounen. Virun allem d'Policegewerkschaft SNPGL huet an engem Interview mam Telecran elo Bedenke geäussert: Déi Kamerae kéinten d'Aarbecht vun der Police behënneren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Eemol war de Projet bis elo an der zoustänneger parlamentarescher Kommissioun, mëttlerweil leien eng 10 Avis vir mat deenen ënnerschiddlechste Remarken an Kriticken.

President vun der Policegewerkschaft ruddert zeréck

Ee vun den Haaptrevendicateure vun deenen Kameraen war bis elo d'Policegewerkschaft SNPGL. Mee hire President Pascal Ricquier ruddert elo zeréck:

"Esou wéi et da bei de Staatsrot gaange war, ware mir awer nach zefridde gestallt domadder, mee wann elo soll kommen, datt e Bierger soll decidéieren, wéini de Polizist seng eege Kamera muss uschalten, dat geet fir eis guer net. Also do geet et ëm Policetaktik, do ass d'Eegesécherung a Fro gestallt vum Polizist, wann do op eemol ee seet maach elo d'Kamera un. Deen huet warscheinlech aner Saachen ze dinn, wéi zum Beispill ee fest huelen, an da seet deen aneren: Maach emol d'Kamera un. A wann dat herno esou am Gesetz festgehale gëtt, datt wann e Bierger maach d'Kamera un seet an deen huet se net ugemaach, dann huet de Polizist schonn erëm e Problem."

SNPGL: de Projet muss iwwerschafft ginn

Datt de betraffene Bierger soll e Matsproochrecht bei der Opnam hunn ass eng Revendicatioun vun der nationaler Mënscherechtskommissioun. D'Police hirersäits hat d'Kamerae gefuerdert, well hier Aktiounen an der Ëffentlechkeet dacks mat Handye gefilmt ginn, an am falsche Kontext an de soziale Medie kënne landen.

Dat d'Aufnahmen a Charge an an Décharge vum Polizist wieren, domadder kann d'SNPGL am Prinzip zwar liewen. Trotzdeem ginn et och hei Kriticken:

"Mat deene Saachen, wann een do gutt Affekoten huet, do fënnt een iergend eppes ob Biller, wou een alles a Fro stellt an dann déi Leit, déi da wierklech Täter sinn herno, déi kritt een natierlech domadder fräi geschwat."

Ma d'SNPGL huet e weidere Kritikpunkt: am Ausland wier et dacks virkomm, datt Virgesaten d'Opnamen trotz Verbuet duerchgekuckt hätten, fir d'Aarbecht vum Polizist selwer ze bewäerten. Dofir wieren déi Kameraen awer net do. De Projet misst dofir onbedéngt an der aktueller Form iwwerschafft ginn.