D'Lydie Polfer hat d'lescht Woch virun der Press méi Policepresenz an de Stroosse vun der Stad gefuerdert, well Iwwerfäll, bei deene Leit matzen am Dag zum Beispill hir Kette vum Hals géife gerappt kréien, sech géifen heefen.
Ronn zéng esou Fäll géifen et pro Woch ginn, hat si gesot. D'Police deelt schrëftlech mat, datt tëscht Januar an Abrëll 2021 an der Stad Lëtzebuerg an der Moyenne eng 3,5 sou "Déifställ mat Gewalttätegkeeten" pro Woch enregistréiert ginn.
Iwwer déi läscht fënnef Jore war déi Moyenne am selwechten Zäitraum - mat 4,7 Fäll pro Woch - iwwerdeems méi héich. D'Police huet an de leschte Woch zwar eng isoléiert Serie vun Aueren- an Ketten-Déifställ enregistréiert. Dat wier awer ee Phenomen, deen zäitweis a gréissere Stied géif optauche, wou vill Leit sech ophalen, heescht et nach.