Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jalen Ngonda - Thats All I Wanted From You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Police oder Agent-municipallen: Wéi soll een d'Sécherheet garantéieren?

Stauséi

Police oder Agent-municipallen: Wéi soll een d'Sécherheet garantéieren?

De Weekend koum et zu gréissere Problemer um Stauséi wéinst engem groussen Undrang. De Buergermeeschter vun Esch-Sauer fuerdert méi Policepresenz, mee de Claude Turmes well éischter op de Wee goe fir d'Police ze entlaaschten. Elo soll ee mat dem Inneministère a mat de Gemenge kucke fir eventuell e legale Kader ze schafen, duerch dee sech d'Gemenge géigesäiteg kënnen Agent-municipallen ausléinen.

auto_stories

2 min

De Claude Turmes wäert d'Policepresenz an de Gemenge ronderëm de Stauséi net extra erop sëtzen. Dat sot de Minister fir Landesplanung no sengem Gespréich en Dënschdeg den Owend mam Buergermeeschter vun Esch-Sauer, dem Marco Schank.

De Marco Schank hat virdru gefuerdert, datt den Dispositif vun der Police misst ausgebaut ginn, fir datt esou Situatioune net aus dem Rudder géinge lafen. E Samschdeg wieren esou vill Leit op de Stauséi komm, datt d'Infrastrukturen dat net gepackt hätten:

"Wann d'Leit parke virun engem Pompjeesbau oder esou parken, datt d'Ambulanz net méi laanscht kënnt, dat ass jo kriminell."

D'Gemeng selwer kéint zousätzlech Barrièren op déi Plaze setzen wou et verbueden ass ze parken a méi privat Sécherheetspersonal astellen, esou de Marco Schank.

Ma dat eleng géif de Problem net léisen. Fir de Claude Turmes wier esou en Dag wéi leschte Samschden eng Ausnamesituatioun. Amplaz d'Policepresenz eropzesetzen wéilt een d'Police entlaaschten:

"Dir kennt Iech virstellen, dat si kleng Gemengen, déi kënnen net en Agent municipal astelle fir just zwee Méint e puer Mol de Weekend. An do kucke mir ob mir net eng Flexibilitéit kréie fir eventuell Agent-municipallen aus anere gréissere Gemengen auszeléinen. Dat ass eng Pist, déi mir mat de Gemengen a mat der Inneministesch musse beschwätzen, fir eventuell do e legale Kader ze schafen. Well en Agent municipal ka jo och e Protokoll maachen, an dat gëtt dann der Police d'Méiglechkeet, datt si dat dann net musse maachen."

D'Police kéint sech dann zum Beispill op d'Gewaltdote konzentréieren. De Schäfferot wéilt d'Gespréich mam Landesplanungsministère elo mol evaluéieren, esou de Marco Schank skeptesch, op Nofro hin.