Radioen

On air

Kultur um 5  |  Grizzly Bear - While You Wait For The Others

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Police Fichieren: Och längst klasséiert Affäre ginn net geläscht

Dateschutz

Police Fichieren: Och längst klasséiert Affäre ginn net geläscht

Virun iwwer engem Joer goung d'Debatt iwwer d'Datebanke bei Police a Justiz lass. Si krut zanterhier 475 Demandë vu Leit eran, déi wollte wëssen, wat d'Police un Informatiounen iwwer si an hire Fichieren hält. D'Police brauch bis zu engem Joer, fir déi Demanden ze beäntwerten. Zu deenen Informatioune gehéiere weiderhi längst klasséiert Affären.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


Vun deenen Demanden, deelt d'Police op Nofro schrëftlech mat, goufen der 320 beäntwert. Dat dauert awer bis zu engem Joer. Et wier vill Aarbecht, déi verschidde Fichieren op Informatioune vun enger Persoun ze kontrolléieren, an et misst een dobäi och lafend Enquêten ausschléissen.

Date ginn och bei engem "classement sans suite" net geläscht

An enger vun dësen Äntwerten, déi dem Radio virläit, taucht eng längst klasséiert Affär op. Ouni datt dobäi steet, datt se klasséiert ass. Dozou erkläert d'Police, datt si net vun der Justiz gewuer géif, wat klasséiert gëtt. Si argumentéiert och, e "classement sans suite" wier keng definitiv Decisioun vun der Justiz an d'Enquête kéint bis zur Verjärung erëm opgemaach ginn, wa sech "d'Strofdot widderhëlt". Dobäi gouf et wéinst dem Klassement vun der Enquête natierlech keng Uklo, a scho guer keng nogewise Strofdot. An dësem Fall gouf et just eng Plainte vun enger drëtter Persoun.

Concernéiert kënnen net iwwerpréiwen, wien hir Donnéeë gekuckt huet

D'Police renseignéiert och net driwwer, wien alles Zougrëff op engem seng Donnéeë geholl huet. Dat géif zwar enregistréiert. Mee déi Informatioune kréichen déi Concernéiert just matgedeelt, wann hinnen duerch en Dateschutzverstouss e Schued entsteet. D'Dateschutzbeoptraagte vun der Police war net bereet en Interview ze ginn, fir ze erklären, wéi déi Concernéiert ouni d'Informatioun, wien hir Donnéeë gekuckt huet, solle wëssen, ob et en Dateschutzverstouss gouf, an ob hinnen doduerch e Schued entstanen ass.