Am Mëttelpunkt vun där Enquête stounge Kanner tëschent 0 a 4 Joer - bis elo gouf et vum Éducatiounsministère an dësem Beräich nëmmen Donnéeë vu Kanner, déi schonn an de Precoce ginn.
Trotz den am ganzen 147 Sproochen, déi an den Ëmfroe genannt goufen, ass déi Lëtzebuergesch Sprooch net a Gefor. Virun allem mat de Geschwëster schwätze vill Kanner Lëtzebuergesch, erkläert d'Dora Fernandes vum SNJ.
"15 pourcents des enfants qui parlent le luxembourgeois au sein de la fratrie, leurs parents ne leur parlent pas en luxembourgeois, ce qui est aussi une donnée assez intéressante. C'est-à-dire que la fratrie a aussi une influence au niveau du contact avec le luxembourgeois et aussi la prise en charge qui va renforcer le contact avec le luxembourgeois."
60 % schwätze franséisch mat den Elteren
Franséisch ass eng Sprooch déi an de Famillen dacks gebraucht gëtt. Ronn 60 Prozent vun de befrote Kanner, déi doheem zwou oder méi Sprooche schwätzen, hunn uginn, och op Franséisch mat hiren Elteren ze schwätzen. Deemno gëtt Lëtzebuergesch oft a Kombinatioun mat anere Sprooche benotzt. Weider konnt d'Enquête vum SNJ festhalen, datt d'Kanner d'Praktike vun den Erwuessenen erëm spigelen, sou déi Responsabel fir méisproocheg Bildung beim SNJ Simone Mortini.
Kanner vun 2 oder 3 Joer géifen och eegen Decisioune vu Sproochen déi si schwätze wéilten huelen, erkläert d'Simone Mortini. D'Kanner géife soumat an enger anerer Sprooch äntwere wéi an där si ugeschwat goufen.
"Dat wollte mir eben haut och nach eemol weisen, datt d'Kanner net einfach passiv sinn a sech berisele loossen, mee och eng aktiv Roll an der méisproocheger Bildung hunn."
Qualitéit vun der Interaktioun ass wichteg
D'Kanner reproduzéieren nämlech d'Sproochgewunnechte vun den Elteren net eent zu eent, mee si bréngen och hir eegen Interessie mat eran an treffen och eegen Entscheedungen an hirem Sproochgebrauch, sou nach d'Simone Mortini. Deemno soll een de Sproochgebrauch vun de Kanner respektéieren an deen eegenen upassen, erkläert d'Valerie Kemp, Doktorandin op der Uni.lu
Si hätte festgestallt wéi wichteg d'Qualitéit vun der Interaktioun wier, seet d'Valerie Kemp. Et géif net dorëm goe wéi een et maache géif a wéi dacks, mee virun allem wéi ee sech mat de Kanner befaasse géif. Op déi Aart a Weis kéint een hir Sprooch a Literacy-Entwéckelung besser fërderen.
"Dazu muss man also sprachanregende Anlässe und Strategien nutzen. Eine Methode die dazu sehr geeignet ist ist zum Beispiel das dialogische Lesen."
Beim dialogesche Virliesen hëlt d'Kand eng aktiv Roll vum Erzieler un, an huet esou d'Méiglechkeet, op eng entspaant an natierlech Manéier mat verschiddene Sproochen a Kontakt ze kommen. Wichteg wier, mat esou Übungen de Plurilinguismus ze valoriséieren an d'Kanner ze ënnerstëtzen, sou nach d'Simone Mortini vum Service National de la Jeunesse.