D'Pirate géifen uechter d'ganzt Land dës Kéier em déi 200 Kandidat:inne fir d'Gemengewale stellen, esou de Piraten-Deputéierte Sven Clement. Dat wieren der bal 3 mol esou vill, wéi bei de leschte Walen.
Ënner anerem an der Stad Lëtzebuerg, zu Péiteng, Réimech a Keel-Téiteng wieren d'Leschte scho voll. Zu Stroossen, zu Dikrech an zu Wooltz géif awer nach no leschte Kandidat:inne gesicht ginn.
De Piraten-Deputéierte geet selwer net mat an d'Gemengewalen am Juni. Hien hätt scho virun zwee Joer d'Decisioun geholl sech ganz op déi national Politik ze konzentréieren.