Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemengewalen: D'Piraten trieden op d'mannst an 12 Gemengen un

Politik

Gemengewalen: D'Piraten trieden op d'mannst an 12 Gemengen un

D'Pirate wäerte bei de Gemengewalen a méi wéi enger Dose Gemenge mat kompletten eegene Leschten untrieden.

auto_stories

1 min

De Sven Clement ass Deputéierten an der Chamber fir d'Piratepartei.

D'Pirate géifen uechter d'ganzt Land dës Kéier em déi 200 Kandidat:inne fir d'Gemengewale stellen, esou de Piraten-Deputéierte Sven Clement. Dat wieren der bal 3 mol esou vill, wéi bei de leschte Walen.

Ënner anerem an der Stad Lëtzebuerg, zu Péiteng, Réimech a Keel-Téiteng wieren d'Leschte scho voll. Zu Stroossen, zu Dikrech an zu Wooltz géif awer nach no leschte Kandidat:inne gesicht ginn.

De Piraten-Deputéierte geet selwer net mat an d'Gemengewalen am Juni. Hien hätt scho virun zwee Joer d'Decisioun geholl sech ganz op déi national Politik ze konzentréieren.