Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pilotprojet: Klärwaasser an der Landwirtschaft

Kläranlag Gréiwemaacher

Pilotprojet: Klärwaasser an der Landwirtschaft

Kläranlage produzéiere Waasser dat propper genuch ass fir et an e Gewässer lafen ze loossen. Fir aner Zwecker gouf dëst Waasser bis elo hei am Land nach net genotzt. Dat soll sech awer änneren: D'Landwirtschafts- an Ëmweltministèren testen am Moment, ob déi wäertvoll Ressource net och anescht kann agesat ginn. Momentan leeft e Pilotprojet an der Kläranlag zu Gréiwemaacher - wéinst der aktueller Dréchent besteet och Nofro.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Klärwaasser fir ze nätzen an ze bewässeren - dat ass a Südeuropa scho Standard. D'EU ënnerstëtzt dës Mesuren an huet elo an enger Circulaire eng Rei Reegelen opgestallt, no deenen dat Waasser kann agesat ginn.

Behandlung vum Klärwaasser duerch véiert Klärstuf

Klärwaasser bleift ëmmer nach liicht belaascht a kann net iwwerall agesat ginn, erkläert de Luc Zwank vum Waasserwirtschaftsamt.

Et géife ganz kloer sanitär Reegelen duerch e Reglement festgeluecht ginn, zum Beispill wéi eng Konzentratioun un Zeiger-Mikroorganismen d'Waasser dierft hunn:

"Dat heescht d'Waasser muss traitéiert ginn an esou muss zum Beispill, wann et geholl gëtt fir Zaloten ze nätzen, muss et den héchste Propretéitsgrad hunn."

Op alle Fall muss dat gekläerte Waasser nach eemol behandelt ginn, respektiv eng sougenannt véiert Klärstuf duerchlafen.

Groussen Interessi u Pilotanlag zu Gréiwemaacher

Esou véiert Klärstufe ginn et nach net, mee an der Kläranlag vum Syndicat Sidest zu Gréiwemaacher leeft esou eng Pilotanlag wou d'Waasser och gratis ofgeliwwert gëtt.

Dem Direkter vum Sidest, dem Jean-Marie Ries no wier den Interessi bei Baueren an Wënzer ganz grouss. Et hätt een d'Anlag installéiert an en Appel d'Offre vum Landwirtschaftsministère fir Re-use gemaach.

Den dréchene Summer vun dësem Joer géif hei eng wichteg Roll spillen, seet de Jean-Marie Ries:

"Wa mir elo e Joer méi fréi gewiescht wieren da wier keen d'Waasser siche komm, elo ass natierlech dat mat dem dréchene Wieder hei ganz interessant ginn."

Keen Drénkwaasser

D'Leit déi hei Klärwaasser siche komme ginn awer och u gewësse Reegelen erënnert.

Zum Beispill gëtt dorop higewisen, datt et sech trotz enger Deel-Desinfektioun ëm keen Drénkwaasser handelt an och net fir esou Zwecker sollt benotzt ginn. D'Leit missten dat och ënnerschreiwen.

De Sidest Direkter wëll och net ze vill Reklamm fir de Projet maache well et ëmmerhi just e Pilotprojet mat nach relativ klenge Quantitéiten ass.