Radioen

On air

Resonanzen  |  Henri Marteau - Serenade, Op. 20, I. Entrada - Deutsche Radio Philharmonie, Raoul Grüneis (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech wëll mäi Bilan verdeedegen"

Finanzpolitik

"Ech wëll mäi Bilan verdeedegen"

De Finanzminister wëll 2018 mat an d'Wahle goen. A wann d'DP net méi an d'Regierung kéim, schléisst hien net aus op d'Oppositiounsbänk ze wiesselen. Datt d'Regierung nei Scholde mécht, obwuel d'Wirtschaft wiisst, hält de Pierre Gramegna fir déi richteg Approche.

auto_stories

3 min

Déi blo-rout-gréng Regierung hätt no 2013 déi néideg Strukturreforme gemaach, fir de Budget ze konsolidéieren an et géif ee vill investéieren: Esou justifiéiert de Finanzminister, datt de Staat trotz héijem Wirtschaftswuesstem nei Scholde mécht.

Pro-Zyklesch Finanzpolitik

Hie wier net "komplett d'accord" mat deenen, déi fir eng anti-zyklesch Finanzpolitik plaidéieren. Dorënner ass och den Nationale Rot fir déi ëffentlech Finanzen (CNFP). Déi onofhängeg Institutioun hat sech ënnert anerem géint déi aktuell Steiererliichterungen ausgeschwat. Den CNFP hätt eng "extrem prudent Approche", äntwert de Finanzminister, déi soss keen anert Organ géif vertrieden.

Zum Austausch mam CNFP sot de Minister, hei wier een nach an engem "Léierprozess": An den nächste Woche soll een Accord ënnerschriwwe ginn iwwer d'Kooperatioun tëscht Regierung an CNFP, notamment wat d'Liwwere vun Donnéeën ugeet.

Stock Optiouns: Reform kënnt

An den nächste Woche wëll d'Regierung Changementer um Regime vun de "Stock Options" presentéieren, esou de Finanzminister. Dëst Instrument erlaabt et enger Firma een Deel vum Salaire a Form vun Optiounen op Aktien auszebezuelen, déi da manner besteiert ginn, wéi den normale Salaire.

Well d'Instrument net op Participatiounen un der eegener Firma limitéiert ass, sinn dem Pierre Gramegna no Abuse geschitt. Dat wéilt hien änneren. An d'Instrument soll och net méi iwwer Circulaire, mä iwwert e Gesetz geregelt ginn.

Der CSV hir Fuerderung d'Stock Options ofzeschafen, hält de Pierre Gramegna fir "extremistesch" an och net fir credibel: Vun der Form a vum Contenu hir hätt d'CSV d'Instrument net korrekt gehandhaabt.

D'Steierverwaltung schätzt, datt de Staat wéinst dem avantagéise Regime vun de Stock Options all Joer op 150 bis 180 Milliounen Euro Recettë verzicht.

Kampf géint Steierflucht

"Mir maache weder méi lues wéi déi aner, nach méi séier", äntwert de Finanzminister op d'Kritiken, datt d'Regierung keng Virreiderroll an der europäescher an internationaler Steierpolitik méi wéilt anhuelen. Lëtzebuerg géif op europäeschem Niveau just drop hiweisen, datt "d'EU net ëmmer déi éischt musse sinn."

Datt Lëtzebuerg esou vill Ausname beim neien OECD-Accord géint d'Steiervermeidung duerch multinationale Konzerner gefrot huet, wier och eng Demande vun der gréisster Oppositiounspartei CSV gewiescht.

"Gedold a Japan geléiert"

De Pierre Gramegna war vun 1996 bis 2002 Ambassadeur a Japan an a Südkorea. Do hätt hien nei Charakterzich entdeckt an entwéckelt: "Gedold, Respekt viru Kultur a Coutumen, déi een net kennt, an iwwerhaapt, net iwwerhieflech sinn."

Mä huet de Pierre Gramegna och eng manner diplomatesch Säit, sou wéi him dat heiansdo nogesot gëtt? Zum Beispill huet et an engem RTL-Reportage geheescht, datt de Minister op engem Event vun der Banken- a Banquiersassociatioun (ABBL) "ausgeflippt" wier.

Dorobber äntwert de Finanzminister: "Et ass ee vläit bei mir iwwerrascht, well ech ëmmer esou virsiichteg an diplomatesch sinn, wann ech da Mol eng Kéier Kloertext schwätzen." Mä säi Message wier deemools och gewiescht, datt "net well mir eng wichteg Finanzplaz sinn, datt de Finanzminister muss dat maachen, wat d'Banquiere gären hätten".

Op d'Oppositiounsbänk?

Hie géif et guer net bereien, datt hien 2013 als "Quereinsteiger" an d'Politik gewiesselt wier, esou de Pierre Gramegna. Och wann de Ressort vum Finanzminister een "haarde Match" wier: "Gottseidank hat ech net virausgesinn, wéi schwéier et ass."

Wann d'DP hie freet, wëll de Pierre Gramegna 2018 mat an d'Chamberwahle goen, fir säi "Bilan ze verdeedegen". Op Nofro hin huet de Pierre Gramegna gemengt, hie géif och net ausschléissen op d'Oppositiounsbänk ze wiesselen, wa seng Partei no de Wahlen net méi an enger Regierung wier.