Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - Raise Your Hands

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ PID ass iwwerrascht

Piratepartei

PID ass iwwerrascht

D'Piratepartei huet kee President méi. Duerch eng Statutenännerung ass déi Funktioun ofgeschaaft ginn. De Sven Clement, deen d'Partei néng Joer ugefouert huet, ass Éierepresident genannt ginn.

auto_stories

2 min

Un der Spëtzt vun der Piratepartei stinn elo de Starsky Flor an d'Marie-Paule Dondelinger. Alle béid stoungen op der Piratelëscht fir d'Chamberwahlen a sinn et och elo fir d'Europawahlen am Mee.

Fir Onmutt suergt allerdéngs, datt d'Marie-Paule Dondelinger Member vun der PID (Partei fir Integral Demokratie) ass, déi Partei also, mat där d'Piratepartei ee Bündnis fir d'Chamber- an d'Europawahlen agaangen ass. D'Presidentin vun der PID, d'Angie Dasbach, wousst net, datt eng vun de Membere vun hirer Partei Kandidatin fir d'Spëtzt vun der Piratepartei wier. D'PID wier dat aus der Press gewuer ginn, an et wier een "e bësselche geschockt" an et misst een dat "eemol sacke loossen", seet si.

Angie Dasbach (PID): Vertrauensbroch

D'Angie Dasbach schwätzt vun engem Vertrauensbroch, trotz oder grad wéinst dem Bündnis tëschent PID a Piratepartei. Kandidate vun der PID konnte jo bei de Chamberwahlen ënner Piratefändel untrieden a kënnen dat och bei den Europawahlen.

D'Marie-Paule Dondelinger trëtt iwwregens selwer als eenzege PID-Member de 26. Mee op der Piratelëscht un. Déi Concernéiert sot eis op Nofro hin, d'Leedung vun der der PID wier iwwer hir Kandidatur informéiert gewiescht, nuancéiert awer och: Et misst ee sech net ofschwätzen, well een en Accord ënnerschriwwen hätt.

Marc Goergen: Béid Parteie solle fusionéieren

Den Deputéierte vun der Piratepartei Marc Goergen, fréiere Generalsekretär an zanter haut Coordinateur vun der Partei, wonnert sech iwwer d'Aussoe vun der PID-Presidentin. Hie gesäit awer zu dësem Zäitpunkt nach ëmmer Potenzial an der Zesummenaarbecht vu béide Parteien, och iwwer d'Europawahlen eraus.

"Also mäi Wonsch wier et gewiescht, datt béid Parteien zesumme fusionéieren, well dat jo awer gutt fonctionnéiert huet, an ech géif et nach ëmmer begréissen, wa béid Parteien dee Wee zesumme géife fannen."

De Marc Goergen präziséiert och nach, datt d'Marie-Paule Dondelinger als Member vum Präsidium vun de Piraten elo och Member vun der Partei ass.