Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Philippe Poirier: "Komesch CSV-Wahlcampagne"

Chamberwahlen 2018

Philippe Poirier: "Komesch CSV-Wahlcampagne"

Déi zeréckhalend an ofwaardend Oppositiounsstrategie vun der CSV wier komesch a kéint d'Partei ee bis zwee Sëtz kaschten, wann net méi, seet de Politolog. D'CSV géif eng "eegenaarteg Strategie" verfollegen, well d'Wieler an d'Wierlerinne vun der CSV erwaarde géifen, datt d'CSV nees Regierungsverantwortung wäert iwwerhuelen. D'Mobilisatioun vun den CSV-Wieler wier de Moment net esou staark.

auto_stories

2 min

headphones

20 min

play_arrow
Philippe Poirier

"Gleeft een de Sondagen, déi am Juni publizéiert goufen, da gouf et e liichte Réckgang an de Wahlintentioune géigeniwwer der CSV. D'CSV huet sech historesch ëmmer wéi eng Partei vum Zentrum presentéiert, mat verschiddenen Elektorater a Fraktiounen. Dat stëmmt och, et ginn ënnerschiddlech Gruppen", seet de Philippe Poirier.

Den Ament kéint déi ofwaardend Positioun d'CSV ee bis zwee, oder esouguer méi Sëtz kaschten. Mee et bleiwe 15 Deeg Wahlcampagne", sou de Philippe Poirier.

Wirtschaft méi wichteg wéi indentitär Froen

D'Wieler zu Lëtzebuerg wiere méi interesséiert u wirtschaftleche Froen an un hirer perséinlecher ekonomescher Zukunft, wéi un identitäre Froen. Dat hätten Ëmfroen erginn, seet de Philippe Poirier. Datt d'Parteien am Walkampf op identitär Theme géife setzen, féiert de Politolog op de Referendum vun 2015 iwwer d'Auslännerwalrecht zeréck. Aus elektorale Grënn wéilten d'Parteien d'Stëmme vun deene recuperéieren, déi 2015 mat Nee beim Auslännerwahlrecht gestëmmt hunn. Zu Lëtzebuerg géif et sozial Inegalitéite ginn. De Problem fir déi lénk Parteie wier, datt d'Elektorat net am Zentrum vun de sozialen Inegalitéite géif stoen. Den Discours vum Sozialstaat géif manner droen.

Nei Dräierkoalitioun net ausgeschloss

De Philippe Poirier rechent mat elektoralen Iwwerraschungen, géigeniwwer alle Sondagen, déi bis Juni publizéiert gi sinn. Et kéint een erwaarden, datt d'ADR an déi Lénk ee bis zwee Sëtz weider kréien. "De ganzen Enjeu wäert sech weisen, beim perséinleche Resultat vu verschiddene féierende Perséinlechkeete vun der LSAP an der DP, fir e méiglechen "Vote sanction" ze verhënneren, oder am Contraire, fir sech ze hale fir an eng Koalitioun mat enger éischter stabeler oder liicht méi staarker CSV ze goen", sou de Philippe Poirier.

Déi perséinlech Resultater vu verschiddene Kandidate vun der LSAP an der DP gesäit Philippe Poirier iwwerdeems als determinant fir zukünfteg Koalitiounsfroen. Eng nei Dräierkoalitioun schléisst de Politolog net aus. 20 Prozent vun de Wieler géife sech quasi eréischt den Dag vun de Wahlen entscheeden.