Radioen

On air

Notturno  |  Hervé Jeanne, Hans Malte Witte, Eike Wulfmeier & Stephan Emig - Arusha Ng'iresi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Petitioun: zwee Deeg Teletravail d'Woch fir jiddwereen

Débat public

Petitioun: zwee Deeg Teletravail d'Woch fir jiddwereen

Bal 14.000 Leit hunn d'Petitioun "Zwee Deeg Télétravail d'Woch fir jiddwereen, och fir Frontalieren" ënnerschriwwen. E Mëttwoch war den Debat public doriwwer an der Chamber.

auto_stories

3 min

D'Petitionäre Katia Sabrina Litim a Laurent Mertz. Foto: Chambre des Députés

Fir Frontaliere gëlle keng aner Reegelen a Punkt Télétravail, mee wann alles esou bleift, wéi et virun der Pandemie war, wier et fir Grenzgänger méi ongënschteg wéi fir Residenten.

All Frontalier gëtt nämlech vun enger gewësser Zuel vun Deeg un, déi e vun doheem schafft, och an deem Land besteiert, wou e wunnt - also am Frankräich, Däitschland, oder an der Belsch. Grad esou muss an d'Sozialversécherung vun deem Land abezuelt ginn.

Dat gëtt dann ënner Ëmstänn méi deier - guer net dovun ze schwätzen, datt ee riskéiert verschidde Sozialleeschtunge wéi beispillsweis Kannergeld ze verléieren.

Aner Länner mussen zoustëmmen

D'Petitioun Nummer 2384 huet als Wonsch, déi Limitt vum Télétravail esou eropzesetzen, datt och Frontalieren déi zwee Deeg d'Woch - also 40 Prozent vun der Aarbechtszäit - vun doheem aus kënne schaffen, ouni aus dem Lëtzebuerger Steierregimm an aus der Lëtzebuerger Sozialversécherung erauszefalen.

Dat läit awer net nëmmen an der Hand vun der Lëtzebuerger Regierung, mee och déi dräi Nopeschlänner mussen do matspillen an averstane sinn. An der Fiskalitéit schéngt dat ganz schwéier ze sinn, besonnesch mat Däitschland - dat hat d'Finanzministesch Yuriko Backes am Débat public ze verstoe ginn.

Däitschland toleréiert jo nëmmen 19 Deeg Télétravail am Joer. D'Belsch a Frankräich acceptéieren der ëmmerhi 34, mee och do si mer nach ganz wäit ewech vun de gutt 90 Deeg, déi an der Petitioun gefrot ginn.

Sozialversécherung: Accorde sinn imminent

Bei der Sécurité sociale gesäit et besser aus. D'Schwieregkeete leien do éischter bei Frankräich. Mee mat Däitschland wier en Accord imminent, sot den zoustännege Sozialminister Claude Haagen. Mat der Belsch géif et och gutt ausgesinn, datt ee sech geschwënn eens gëtt.

Deemno wäerten déi zwee Länner wuel an net allze laanger Zäit 40 Prozent Télétravail acceptéieren, also zwee Deeg d'Woch, ier se Cotisatioune fir hir Sozialversécherung ophiewen, an ier dat net méi iwwer Lëtzebuerg leeft.

"Am Interêt vu jiddwerengem"

D'Petitionärin huet an der Chamber argumentéiert, datt et am Interêt vu jiddwerengem wier, méi vun doheem aus kënnen ze schaffen: am Interêt vun de Leit, Stéchwuert Work-Life-Balance, mee och am Interêt vun den Entreprisen, deenen zum Deel scho Leit fortgelaf sinn, well se keng Loscht méi hu fënnef Deeg d'Woch Moies mussen am Stau ze stoen.

Anerer wëllen iwweregens genau dowéinst guer net méi heihinner schaffe kommen, wat dramatesch ass, well et iwwerall u Main d'oeuvre fehlt. An dann ass Télétravail och gutt d'Ëmwelt: dat war nämlech nach en Argument, dat d'Katia Sabrina Litim, déi hanner der Petitioun stécht, genannt huet.

Et waren zum Deel al-bekannt, zum Deel och méi nei Argumenter, déi beim Débat public op d'Tapéit koumen. An déi all wäerten afléissen an d'Diskussioun iwwer den Télétravail, déi voll amgaangen a wuel och net méi ze bremsen ass.

D'Petitioun 2384 gouf bal 14.000 mol ënnerschriwwen an hat de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften, deen néideg ass, fir an der Chamber diskutéiert ze ginn, schonn no engem Dag erreecht. Eppes, wat et bis elo nach ni gouf.