Analys vun der Situatioun an der Ukrain Peter Zalmaev: "Vläicht wënscht de Westen sech och e Krich"

De brittesche Premier Boris Johnson ass haut Dënschdeg zu Kiew zu Besuch, wäit ewech vum Party-Skandal, deen hien doheem ënner Drock setzt. An der ukrainescher Haaptstad trëfft hie sech mam President Volodomyr Zelensky fir him déi voll Ënnerstëtzung vu Groussbritannien ze weisen. Et fäert ee weiderhin eng Aggressioun oder esouguer en Amarsch an der Ukrain vun den iwwer 100.000 russeschen Zaldoten, déi d'Land ëmzéngelen.

Philip Crowther (Kiew) / cz

Peter Zalmaev, e Mann vun Donetsk deen 2016 aus Amerika zereckkomm ass, Chef vum Eurasia Democracy Initiative
De Peter Zalmayev ass hallef Ukrainer, hallef Amerikaner, Co-Presentateur vun enger Fernseesendung, Chef vun enger ONG, Expert um amerikanesche Fernsee.

Co-Presentateur vun enger Fernseesendung, Chef vun enger ONG, Expert um amerikanesche Fernsee, de Peter Zalmayev ass e gefrote Mann dëser Deeg zu Kiew. Seng Meenung, a seng Analys ass dat alles an näischt an deenen nächsten Deeg geschéie kéint, well och hie kann net wësse wéi de russesche President Vladmir Putin denkt.

"Natierlech hoffen ech, datt et net zu engem Krich kënnt. Mee ech si skeptesch datt de Putin d'Ukrain a sengem Liewen a Rou loosse wäert. Et ass wéi an engem Theaterstéck vum Tschekov. Wann een e Gewier um Ufank vum Stéck gesäit, da gëtt et ganz zum Schluss och benotzt. D'Fro ass wéini a wou, et gëtt verschidden Zenarien, eng Invasioun vum ganze Land schéngt net probabel mee ass net komplett ausgeschloss. Mir wëssen net wat am Putin sengem Kapp lass ass, an hien huet selwer vläicht nach keng Entscheedung getraff."

D'USA hunn hiren Toun geännert

De Peter Zalmayev ass hallef Ukrainer, hallef Amerikaner, op senger Jackett ass e Pin mat béide Fändelen, besonnesch fir seng Live-Schaltungen um Fernsee an Amerika. Déi mëscht hien op engem Hotelsbalkon iwwert dem Maidan wou 2014 déi bluddeg Revolutioun de pro-russesche Regimm erausgehäit hat. D'USA sinn de groussen Alliéierten, mee rezent Wierder vum US-President Joe Biden hunn net gefall, och net dem ukrainesche President Volodomyr Zelensky. Vun der Biden-Regierung koume Warnungen datt eng Invasioun just eng Saach vun der Zäit wier.

Hien huet d'Impressioun, wéi wann e Krich an der Ukrain gewënscht wier.

"Et hëlleft net datt de Westen de Krich bal pusche well, mat all de Medien hei am Land. Et erwaart ee sech e Krich, vläicht wënscht de Westen sech och e Krich."

"Mir hu schonn aacht Joer Krich"

Dat ass eng Meenung déi Russland deelt. Den Ambassadeur op der UNO seet de Westen an d'USA wëllen e Krich a sinn hysteresch. Trotzdeem ass et an der ukrainescher Haaptstad roueg. D'Ukrainer wieren dat gewinnt. "Mir hu schonn aacht Joer Krich, mee de Krich ass ni hei zu Kiew ukomm. Och net 2014, et war roueg. D'Cafée sinn op, d'Nuetsliewe geet weider, ech gesinn net vill Nervositéit."

De Peter Zalmayev ass zu Donetsk gebuer, eng Stad déi elo vu pro-russesche Separatiste kontrolléiert gëtt, mat der Hëllef vu Russland an der Arméi, déi elo mat iwwer 100.000 Zaldote virun der ukrainescher Dier steet.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

Ukrainesch Verdeedegung un der Grenz zu Russland
Russesch Truppepresenz

An der Ukrain geet d'Tensioun weider wéinst der massiver russescher Truppepresenz op der Grenz. Et fäert ee weider eng Incursioun oder esouguer eng Invasioun vun der Ukrain - bis elo bleift et awer roueg.

Vladimir Putin
Pourparlers entre la Russie et les États-Unis

Ce lundi des représentants des États-Unis et de la Russie se rencontrent à Genève pour discuter de la sécurité en Europe. Une rencontre organisée sur fond d'une menace militaire russe autour de l'Ukraine.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen