D'Situatioun an den Haiser wier nach net extrem alarmant, mee et wier een natierlech op méi problematesch a kritesch Zäite virbereet. Et géif ee riskéieren, datt et an den nächste Wochen e personellen Engpass kéint ginn, seet de Marc Fischbach, et géif elo schonn op gewësse Plazen e Personalmanktum ginn. "Mee dee kann nach vill méi akut ginn, an da musse mir versichen op aner Leit zeréckzegräifen, déi nach disponibel sinn."
Engpass bei Masken ass net ausgeschloss
Eng éischt Ulafstell wiere Leit aus dem Secteur an da missten och Leit aus dem Congé zeréckgeruff ginn. "An da musse mir awer och op Leit ausserhalb vum Secteur zeréckgräifen," de Marc Fischbach schwätzt vun der Reserve sanitaire.
De Gesondheetsministère géif recommandéieren, datt eng Persoun op hirer Aarbecht aacht Stonnen dee selwechte Mask droe kéint. Dofir géif een an der Fleeg pro Dag ongeféier 10.000 Maske brauchen. Am stationären an am ambulante Secteur bräicht een dofir pro Woch 70.000 Masken. Engpäss wieren dofir op Dauer net auszeschléissen, sou de Marc Fischbach.
"Et denkt ee jo un alles"
De Marc Fischbach erlieft déi aktuell Situatioun perséinlech "ganz schwéier". Seng Schwéiermamm ass an engem Fleegeheim an ass wäit iwwer 90 Joer al, seet hien. Hie kéint dohier och aus perséinlecher Erfarung schwätzen, mee och als President vun der COPAS wier hien all Dag konfrontéiert mat Froen an Informatiounen, déi hie beschäftegen.
"An ech si jo och keen där Jéngster, an do denkt ee jo un alles. An och dorunner. An dofir mengen ech, sollt ee sech gutt schützen. Mee dat verhënnert net, datt ee sech permanent Gedanken, Suerge mécht iwwer Situatiounen, déi awer musse gereegelt a geléist ginn, wa se antrieden. "