Radioen

On air

Kultur um 5  |  Teaser Skateboard-Radio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Personell Changementer bei CSV gi méi konkret

Chamberwahlen 2018

Personell Changementer bei CSV gi méi konkret

De Serge Wilmes ass prett Verantwortung an der CSV ze iwwerhuelen, fir den Erneierungsprozess, dee sech nom Wahlresultat vun e Sonndeg opdrängt, "aktiv mat an d'Hand ze huelen". Dat seet de 36 Joer ale Politiker, deen zanter siwe Joer Deputéierten an zanter engem Joer éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg ass.

auto_stories

2 min

Serge Wilmes

De Serge Wilmes léisst duerchblécken, datt hien un engem Schlësselposten an der Partei interesséiert ass, och wann hien dat net ausdrécklech gesot huet. "A ce stade kann ech dat net elo schonn esou soen, och aus Respekt virun deene Leit, déi op deene Poste sinn, an déi musse fir d'éischt emol perséinlech annoncéieren, ob si iwwerhaapt nach eng Kéier wëllen untrieden oder net", sou den Zweet-Gewielte bei de Chamberwahlen am Bezierk Zentrum.

"Mee ech soen awer genee sou kloer, datt ech wëll Verantwortung iwwerhuelen fir déi Erneierung net nëmme passiv nozekucken, mee aktiv och mat an d'Hand ze huelen."

De Serge Wilmes ass am Fong och gutt placéiert, fir e Wuert matzeschwätzen: Hie gouf op der Zentrumslëscht vun der CSV als Zweeten, hanner dem Claude Wiseler gewielt; mat 3.000 Stëmme Virsprong op d'Viviane Reding.

Wéi et schéngt viséiert de Serge Wilmes, mat sengem gudde perséinleche Wahlresultat am Réck, d'Spëtzt vun der Partei. Am Moment ass de Marc Spautz nach CSV-President.

"Ech mengen, datt ech mat deem heite Resultat och d'Legitimatioun vum Wieler kritt hunn, fir déi Erneierung net nëmme kënne mat ze begleeden, mee kënne matzemaachen", sou de Serge Wilmes.

D'Martine Hansen, bescht gewielt Norddeputéiert vun der CSV, soll wëlle Fraktiounscheffin ginn: et gesäit duerno aus, wéi wann de Claude Wiseler dem Nationalrot vun der Partei den Owend säi Réckzuch vun deem Poste géif matdeelen.

Keen Zweiwel un Neioplo vun Dräierkoalitioun

D'CSV misst elo resolut no vir kucken, alles anescht hätt kee Wäert: de Serge Wilmes huet nämlech keen Zweiwel drun, datt aus der Nei-Oplag vun der Dräierkoalitioun eppes gëtt - och wann d'CSV e Sonndeg als stäerkst Partei confirméiert gouf.

"Objektiv gesi si mir déi stäerkst Partei, mee ech zweiwele keng Sekonn dorunner, datt déi dräi sech wäerten eens ginn. Déi dräi Parteien hu gréng Luucht gi fir Koalitiounsverhandlungen."

Reng theoretesch kéint hie sech virstellen, datt d'LSAP enger Neioplo vun der Dräierkoalitioun nach kéint "déi rout Kaart" weisen. Realistesch gesi misst d'CSV sech awer drop astelle fir nach eng Kéier fënnef Joer an d'Oppositioun ze goen.