Radioen

On air

Notturno  |  Little Tybee - Lost In The Field

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Perquisitioun beim radio 100,7

Chamberleak

Perquisitioun beim radio 100,7

Beim radio 100,7 gouf et dësen Dënschdeg eng Perquisitioun vun der Police Judiciaire wéinst der Affär ëm Dokumenter, déi um Site vun der Chamber accessibel waren. D'Beamte krute keen Zougrëff op 100,7-Dokumenter an et goufe keng Dokumenter saiséiert.

auto_stories

1 min

An de Raimlechkeete vum radio 100,7 gouf et um Dënschdeg Moien eng Perquisitioun an der Affär Chamberleak: Zwee Beamte vun der Police Judiciaire haten e Mandat vum Untersuchungsriichter Ernest Nilles fir eng Perquisitioun an eng Saisie.

De Chefredakter Jean-Claude Franck huet der Police Judiciaire erkläert, datt d'Dokumenter, déi d'100,7-Journaliste fir hir Recherche vum Internetsite vun der Chamber erofgelueden haten, geläscht goufen. Domat war d'Perquisitioun ofgeschloss. D'Beamten krute keen Zougrëff op 100,7-Dokumenter a si hu keng Dokumenter saiséiert.

No enger Denonciatioun vum Chamberpresident Mars Di Bartolomeo den 12. Mäerz, huet den Untersuchungsriichter Ernest Nilles Enn Mäerz eng Ordonnanz fir eng Perquisitioun an eng Saisie ausgestallt. D'Enquête riicht sech géint den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck, géint den 100,7-Journalist Claude Biver a géint Onbekannt. De Virworf ass informatesch Fraude an d'Klaue vun elektroneschen Donnéeën.

D'Affär Chamberleak

An der Affär Chamberleak hat de radio 100,7 de 7. Mäerz opgedeckt, datt et eng gréisser Sécherheetslacune um Internetsite vun der Chamber gouf. Eng Partie vertraulech an intern Dokumenter waren iwwer den Internetsite fir jidderee fräi accessibel. D'Chamber huet dem radio 100,7 doropshin eng Intrusioun virgeheit, wat de radio 100,7 kategoresch dementéiert. D'Dokumenter waren iwwer en normale Webbrowser zougänglech.

Eng Enquête géint d'Chamber wéinst méiglechem Verstouss géint den Dateschutz an aner Gesetzer gëtt et keng, sou de Parquet op Nofro hin.