Radioen

On air

Tockcity  |  Draag - Orb Weaver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pegasus: Bis ewell keng Enquête um Parquet

Spionage-Software

Pegasus: Bis ewell keng Enquête um Parquet

Bis elo huet de Parquet keng Enquête opgemaach, am Kontext Spionage-Software Pegasus vun der Firma NSO, déi hire Siège a Filialen hei zu Lëtzebuerg huet. Et gouf bis elo keng Plainte, mee de Parquet huet sech och net selwer saiséiert, wéi mir op Nofro gesot kruten. Dat wier och net esou evident, erkläert am 100,7-Interview den Affekot a fréiere President vun Amnesty International, Frank Wies.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock

Lauschterenplay_arrow


Och wann et vill Medieberichter iwwer méiglech Mënscherechtsverletzungen duerch déi Software am Ausland ginn: déi méiglech Strofdot hei zu Lëtzebuerg kéint de Blanchiment vun de Recetten aus der Vente vum Pegasus-Programm sinn. Mee dofir missten als éischt d'Strofdoten am Ausland nogewise sinn - an datt d'Firmen hei zu Lëtzebuerg woussten, datt hir Clienten de Programm fir esou Strofdote wéilten asetzen.

De Frank Wies erkläert, datt de Pegasus-Programm net vu Lëtzebuerg aus exportéiert gouf a bis elo näischt vun Oflauschteraktiounen hei gewosst ass. Just d'Administratioun gouf hei gemaach: Kontrakter an d'Rechnungen ausgestallt an encaisséiert. Esou wier déi méiglech Strofdot hei zu Lëtzebuerg de Blanchiment vun den Einnamen:

"Do géifen dann ebe Suen era kommen, déi bei Strofdoten eraus komm sinn. An fir datt ee ka Blanchiment hunn, muss een eng initial Strofdot hunn. Déi Sue kënnen eréischt aus Terrorismus, Drogenhandel oder wéi an dësem Fall aus der Verletzung vun der Privatsphär erauskommen, wann dat och bewisen ass."

Probleemer wéi bei Waffenhändler

Op all déi Politiker, Journalisten, Mënscherechtler tatsächlech ausspionéiert goufen oder op enger Lëscht vun Telefonsnummere stinn, ass awer nach net kloer. An do kënnt dann en aner Probleem dobäi, esou de Frank Wies:

"Déi Gesellschafte soe jo: Mir schreiwen eise Vertragspartner fir, wat se kënnen domat maachen a wat net, a wann déi eppes maachen, wat eigentlech net erlaabt ass, dann ass dat net eis Schold, da wosste mer dat net. Dat heescht, da misst eigentlech deene schonn nogewise ginn, datt se wëssen, déi Leit, deenen ech de Logiciel verkafen, déi wäerten e Gebrauch dovunner maachen, deen net konform ass."

Et wier e bëssen de selwechte Probleem wéi bei Waffenhändler:

"Wann eraus kennt, datt mat hire Produite Mënscherechtsverletzunge gemaach gi sinn, da kennen déi ëmmer soen, mir hunn dat net ze veräntwerten. Mir maachen eise Produit a verkafen dee mat der Obligatioun e just fir bestëmmten Zwecker ze benotzen. An dat wäert, mengen ech, de grousse Probleem sinn, fir déi initial Strofdot nozeweisen."

Zanter 2010 gëtt et e Strofrecht fir Entreprisen. Wann an hirem Numm Strofdote gemaach ginn, kënne se mat Amendë bis zur Opléisung bestrooft ginn.

An aneren europäesche Länner wéi gëtt enquêtéiert. Fir de Frank Wies heescht dat:

"Da kéint een sech op d'mannst mol d'Fro stellen, inwiefern sinn déi Lëtzebuerger Gesellschaften iwwerhaapt doriwwer informéiert, wat sinn effektiv d'Aktivitéiten, déi se hei maachen. Quitt datt dann no der Enquête préliminaire da géi erauskommen: Majo, mir kommen hei net virun."

Dat wier vläicht net schlecht, fir dem Virworf virzegräifen, datt een zu Lëtzebuerg net esou genee wëll wëssen, wat déi Firmen hei maachen, esou nach den Affekot.