Radioen

On air

Notturno  |  Maybel - Long Road Ahead

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fred Keup: "Wann ee vun Extremer schwätzt, dann zielt d'ADR net dozou"

Reaktioun op de Luc Frieden

Fred Keup: "Wann ee vun Extremer schwätzt, dann zielt d'ADR net dozou"

Op méiglech Zesummenaarbechten no de Chamberwalen ugeschwat, huet de Luc Frieden gesot, et wier schwiereg Koalitioune mat den - Zitat - "Extremer vu riets a lénks" ze envisagéieren. Als Reaktioun dorop mengt de Fred Keup, datt d'CSV d'Méiglechkeet hätt an eng Regierung ze kommen, wann si oppe wiere fir eng Koalitioun mat der ADR wieren. De Fred Keup hat schonn d'lescht Woch hei um Radio 100,7 gesot, seng Partei hätt am meeschte Beréierungspunkte mat der CSV.

auto_stories

2 min

De Fred Keup ass President vun der ADR.

"Wann ee vun Extremer schwätzt, dann zielt d'ADR net dozou, an den Här Frieden huet dat jo och net gesot", esou d'Reaktioun vum ADR-Parteipresident Fred Keup op d'Aussoe vum designéierte CSV-Spëtzekandidat de Moien hei um Radio 100,7.

"Den Här Frieden huet gesot, eng Koalitioun mat der ADR wier schwiereg. Schwiereg heescht méiglech. A méiglech ass also fir eis eng ganz positiv Saach an ech mengen och fir d'CSV. Well d'CSV muss ganz genee wëssen ob se dat wëlle widderhuele, wat se viru fënnef Joer haten, wou se gesot hunn, si géifen eng Koalitioun mat der ADR ausschléissen a se och doduerch d'Wale verluer hunn. Oder ob se wëllen op sinn, och fir eng ADR. A wa se op si fir eng ADR, dann hu si d'Méiglechkeet an eng Regierung ze kommen, och mat enger ADR. A wa se dat net maachen, da lande se duerno - wéi 2018 - zesumme mat der ADR an der Oppositioun."

Fred Keup: ADR huet meescht Beréierungspunkte mat der CSV

Esou d'Warnung vum Fred Keup un d'Adress vum Luc Frieden. Wann - Zitat - "Gambia" bei de Walen am Oktober 31 Sëtz kréich, da wäerte si weider maachen, ouni d'CSV an ouni den Här Frieden, ënnersträicht de President vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei.

De Fred Keup hat schonn d'lescht Woch hei um Radio 100,7 gesot, seng Partei hätt am meeschte Beréierungspunkte mat der CSV.