Radioen

On air

Tockcity  |  Obongjayar - Not In Surrender

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ SES huet Netto-Benefice vun 189 Milliounen Euro gemaach

LuxGovsat

SES huet Netto-Benefice vun 189 Milliounen Euro gemaach

De Lëtzebuerger Satellitten-Operateur SES huet d'Joer 2022 mat engem Netto-Benefice vun 189 Milliounen Euro ofgeschloss: dat ware bal 42 Prozent manner wéi 2021. Den Ëmsaz ass ëm ronn 9 Prozent geklommen, op 1.944 Milliounen Euro.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De méi héijen Ëmsaz wier ënner anerem op déi kräfteg Erhuelung an de Beräicher Croisièren an Aviatioun zréck ze féieren, esou den SES-Generaldirekter Steve Collar. Déi kommerziell Servicer vun den O3b-mPOWER-Satellitte sollen am drëtten Trimester dëst Joer ufänken. Déi éischt zwee Satelitte vun deem Programm waren am Dezember d'lescht Joer lancéiert ginn. Déi proposéiert Dividend fir 2022 läit bei 50 Cent pro Aktie: dat ass déi selwecht Zomm wéi fir 2021.

Ukrain-Krich als Opportunitéit fir d'Capacitéiten?

D'Entwécklungen an der Ukrain kéinten eng Opportunitéit fir d'Capacitéite vum Militär-Satellit LuxGovsat sinn, hat et beim Ufank vum Krich viru gutt engem Joer bei der SES geheescht. Et géifen och Clienten de Govsat fir d'Ukrain benotzen "fir all méiglech Connectivitéits-Applikatiounen an der Ukrain a ronderëm", sou de Ferdinand Kayser vun der SES.

De Ferdinand Kayser ass strategesche Beroder vun der SES. (Foto: Serge Kesseler)

Allgemeng kéint e feststellen, datt de Maartsegment vun de gouvernementalen Applikatiounen eng ëmmer méi eng grouss Roll bei der SES spillt, esou de strategesche Beroder Ferdinand Kayser. Op d'Fro ob dat éischt Joer vum Ukrain-Krich positiv fir d'Geschäfter vun der SES gewiescht wier, äntwert hien, datt an dem Marché eng gewëssen Dynamik entstane wier.

Méi Ëmsaz an der Zukunft

Déi verschidden Acteuren hätte mëttlerweil agesinn, datt och wann et ëm gouvernemental Applikatioune géif goen, souwuel ziviller Natur wéi militärescher Natur, et net ouni Satellit géif goen. Et wieren och méi Capacitéite gebucht gi wéi an der Vergaangenheet. D'SES géif elo 25 Prozent Ëmsaz mat esou Aktivitéite maachen.

An deem Kontext weist d'SES sech zefridden iwwert d'Ukënnegung vum leschten Donneschdeg zesumme mam Verdeedegungsminister François Bausch fir de Programm "Medium Earth Orbit Global Service". Wann d'Chamber zoustëmmt, da keeft d'Direction de la défense bei der SES Kommunikatiounscapacitéiten. De Budget fir dëse Projet läit bei 195 Milliounen Euro.