Wann et der CSV no geet, da sollen déi véier net-bezuelten Elterestonne pro Woch am Aarbechtsrecht festgeschriwwe ginn.
"Et ass keng Aarbechtszäitverkierzung an deem Sënn. Mir schwätzen hei just vu jonken Elteren. Et ass also eng ganz begrenzten Zuel vu Leit."
Fir déi Elteren, déi hir Kanner am Alter vu bis zu véier Joer net a Betreiungsstrukture schécken, soll d'Kannergeld verduebelt ginn, esou ee weidere Virschlag vun der CSV.
Wat de Wunnengsbau ugeet, schléit d'Partei vir, Wunngebaier ee bis zwee Stäck méi héich ze bauen. De Luc Frieden weist sech och zum Deel optimistesch wat de d'Logementskris ugeet.
"Wann ee schnell an der nächster Legislatur-Period...Staat, Gemengen a Privat-Secteur eng Rei Moossnamen decidéiert, da mengen ech, datt mir de Wunnengsbau-Problem innerhalb vun deenen nächste fënnef Joer villäicht net geléist kréien, mee substantiell diminuéiert kréien."
Entreprise solle weider "ugelackelt ginn"
Fir Verbesserungen am Mobilitéitsberäich soll ënner anerem op Ëmgoungsstroosse gesat ginn, virun allem fir Uertschafte mat vill Duerchgangsverkéier. Als konkret Beispiller ginn Hesper-Alzeng, Nidderkäerjeng, Dippech, Ettelbréck, Dikrech, a Conter genannt.
Stéchwuert Wirtschaft: mat Ausnam vun deene Betriber, déi "ganz vill Knascht maachen", mussen "zimmlech vill Entreprisen" op Lëtzebuerg "ugelackelt ginn", esou den CSV-Spëtzekandidat. Gewësse Feeler dierften awer net gemaach ginn.
"Wann ech gesinn, datt Google et autres, obscho schonn zéng Joer dovu geschwat gëtt, net hei sinn, dat ass well se all Dag nei Oplage kréien."
Der CSV hire Programm fir d'Chamberwale gouf de Weekend vum Nationalrot ugeholl. Dat ganzt Dokument soll spéitstens fir den CSV-Konvent den 8. Juli verëffentlecht ginn.