Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Raymond Aendekerk: "D'Ambitioune musse grouss sinn"

Erneierbar Energien

Raymond Aendekerk: "D'Ambitioune musse grouss sinn"

Greenpeace Lëtzebuerg hält déi geplangten nei Ziler fir erneierbar Energië fir realistesch. Et wier fir Lëtzebuerg méiglech am Joer 2030 op een Undeel vu 35 Prozent Erneierbarer um Gesamtverbrauch ze kommen, wann déi entspriechend Jalone gesat ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Op EU-Niveau gouf et d'lescht Woch ee Kompromëss fir bis a siwe Joer den Undeel vun erneierbarer Energie um Gesamtverbrauch ëm zéng Prozentpunkten erop ze setzen, op 42,5 Prozent. De Raymond Aendekerk, Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg begréisst, datt d'Ziler eropgeschrauft ginn.

"D'Ambitioune musse grouss sinn, wa mir d'Klimazil vun 1,5 Grad wëllen erreechen."

35 Prozent erneierbar Energien

Fir hie misst Lëtzebuerg der neier Zilsetzung no, 2030 op 35 Prozent erneierbar Energië kommen. De Raymond Aendekerk erkläert, datt dofir nach méi Subventioune musse bezuelt ginn. Dat an alle Secteure wou CO2-Equivalenter agespuert musse ginn. Ausserdeem fuerdert hien d'Besteierung vun der fossiller Energie.

Kooperatioun mam Ausland

De Greenpeace-Direkter ass och domat averstanen, datt Lëtzebuerg weider op Kooperatioune mam Ausland setzt, fir seng Ziler vun erneierbarer Energie ze erreechen. Wa Lëtzebuerg e Land mat engem groussen Déngschtleeschtungssecteur a vill Industrie an Handwierk bleift, da kéint d'Land déi ganz Energie net selwer produzéieren.

Lëtzebuerg hätt och eng Wirtschaftsleeschtung an déi géing méi der Tragfäegkeet, vun dem wat d'Land packt entspriechen.

Den Energieminister Claude Turmes hat d'lescht Woch ugekënnegt, datt Lëtzebuerg och virun op Kooperatioune mam Ausland wéilt setze, fir säi verstäerkten Zil fir erneierbar Energien ze erreechen.