D'Leit an der Tierkei hätten nach ëmmer d'Hoffnung, nach Iwwerliewender ze fannen, no den Äerdbiewe vum virleschte Méindeg, esou den Alain Lang. Hien ass zanter enger Woch an der tierkescher Provënz Hatay, no bei der syrescher Grenz.
Angscht virun Nobiewe bleift bestoen
Ëmmer méi Hëllefsequippe kommen op der Plaz un, seet den Alain Lang:
"Et sinn och nach ëmmer Search and rescue teams, déi ukommen, e bësse méi klenger. An déi Aarbechte wäerten nach e puer Deeg weider goen."
Eng Rei aner Rettungsequippen, déi vun Ufank un do waren, géifen d'Tierkei awer verloossen. Aner Acteure kéimen elo un, fir ze hëllefen, d'Krisen ze bewältegen. Op der Plaz stéing quasi kee Gebai méi, seet den Alain Lang vun de Lëtzebuerger Rettungsdéngschter.
D'Leit géingen alleguerten an Zelter bei Minustemperature schlofen. D'Angscht virun Nobiewen ass ëmmer nach do.
De mënschleche Misär ass enorm
Dowéinst géifen de Moment virum allem Zelter, Heizungen, Schlofsäck a Kleeder gebraucht ginn:
"Déi sanitär Situatioun hei ass och extrem schlecht, dat heescht et ginn och ganz vill Hygiènesartikelen, Pampersen a sou weider momentan nach ganz vill gebraucht."
Problemer an der tierkescher Provënz Hatay géifen et donieft mat der Waasser- a Stroumversuergung ginn. Och u Liewensmëttel géif et feelen.
"Et sinn an deem ganzen Ëmkrees nach eng, zwou Tankstellen, déi funktionéieren. Mee och do sinn d'Iesswueren an Alles fort. Et kann ee sech et am Fong guer net virstellen, wann een net sur place ass. Also ech hunn dat nach net erlieft."
Duerch d'Äerdbiewe wieren deelweis ganz Familljen ausgeläscht ginn. An de Ruine fënnt a gesäit een ëmmer nees perséinlech Géigestänn vun de villen Affer. De mënschleche Misär wier enorm, seet den Alain Lang.