"Si schaffen nach ëmmer ganz äifreg drun", seet de Georges Engel. D'Fuerscherin beim LISER ass de Moment am gaangen, de Rapport zu dëser Etüd ze schreiwen, heescht et vum Institut.
Analyse iwwer d'Aarbechtszäitverkierzung
D'Etüd soll d'Effekter vun enger Aarbechtszäitverkierzung an deene Länner analyséieren, déi esou ee Schrack gemaach hunn, grad wéi d'Effekter vun esou enger Mesure am lëtzebuergesche Kontext.
Wat bei der Analys eraus kënnt, a wat d'Konsequenzen dovu sinn, dat wier nach "à déterminer", erkläert zu dësem Zäitpunkt den Aarbechtsminister.
"Wann elo scho getitelt gëtt den Aarbechtsminister Engel ass fir d'38-Stonne-Woch oder fir d'36-Stonne-Woch. Anerer déi soen. 'Mir hätte gären 32-Stonne-Woch', da kann ee sech doriwwer ganz vill ausloossen, mee dat hunn ech ni reellement gesot."
Digitaliséierung bréngt Zäitgewënn
De Georges Engel erënnert drun, datt hien eng Etüd zu de Virdeeler an Nodeeler vun der Aarbechtszäitreduktioun an Optrag ginn hätt. Hie betount, datt de Ministère perséinlech gesot hätt, datt ee sech eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit virstelle kéint.
Duerch d'Digitaliséierung géif et awer een Zäitgewënn ginn, sot de Minister, dee sech dobäi och d'Fro stellt, ob eventuell Produktiouns- an Zäitgewënner net op déi schaffend Leit sollten zeréckfalen.
Géif eng Reduktioun vun der Wochenaarbechtszäit och dozou féieren, datt d'Zuel vun den Aarbechtslosen erof geet? De Georges Engel kéint sech gutt virstellen, wa méi Aarbechtsplaze geschaaft géife ginn, d'Zuel vun den Aarbechtslosen och kéint erof goen.