Radioen

On air

Notturno  |  Van Morrison - Astral Weeks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'DP ass prett fir d'Walen

DP Neijoschpatt

D'DP ass prett fir d'Walen

Op den Dag genau fënnef Méint virun de Gemengewalen huet déi demokratesch Partei sech de Mëttwoch den Owend op hirem Neijoerschpatt als Partei vun der Responsabilitéit an der Proximitéit duergestallt. D'DP-Regierungsmemberen hätten déi lescht Méint alles dru gesat fir d'Bierger op direktem Wee ze hëllefen an dobäi de Staatsbudget am Grëff ze halen. D'DP wier "no bei de Leit", ass viru Parteimembere gëschter ëmmer erëm betount ginn. De Slogan fir d'Gemengewale wier dat - ob mannst offiziell - awer nach net, huet et um Bord vun der Receptioun an engem Lokal zu Hollerech geheescht.

auto_stories

2 min

No bei de Leit ze sinn - dat wier den aktuellen Etat d'esprit bannent der DP, sot eis d'Generalsekretärin Carole Hartmann op Nofro hin. Et sinn d'Parteigremien déi an den nächste Méint iwwer een definitive Slogan fir d'Gemengewale wäerten diskutéieren an ofstëmmen. Den Toun hunn de Parteipresident Lex Delles an d'Generalsekretärin Carole Hartmann awer scho mol uginn.

"Mir sinn eng Partei déi no bei de Leit ass, déi no bei Dir, no bei Iech all ass / D'DP ass no bei Dir, dat ass net eise gudde Virsaz fir d'neit Joer, nee dat ass eist Verspriechen."

An dat Versprieche gouf de Mëttwoch op verschidde Manéieren deklinéiert. A Form vun der Proximitéit vun der Regierung um Bierger an enger Krisenzäit, engem oppenen Ouer vun de Mandatairen an der Gemeng - oder nach geographesch gesinn, an der Mobilitéit.

Aarbechtszäit weider een Theema

Et war Gedrécks ënnert den DP-Memberen an engem volle Sall gëschter Owend. Fir d'Carole Hartmann seet dat eppes aus. Si huet vun Opbrochstëmmung geschwat.

Mee, d'DP géif net zu deene Parteie gehéieren, déi virun der Zäit Walkampf géife bedreiwen ier Zäit dofir wier, sou de Lex Delles. An trotzdeem huet de Parteipresident sech et net huele gelooss op een Thema anzegoen, dat d'LSAP rezent verstäerkt an d'Diskussioun bruecht huet, nämlech d'Aarbechtszäit. Rigid Modeller wieren hei passé.

"Méi eng flexibel Aarbechtszäit oder d'Aféiere vun enger Joresaarbechtszäit - dat ass de richtege Wee, an eng generell Aarbechtszäitverkierzung."

De Kongress ass de 4. Mäerz

De Premier Xavier Bettel huet sengersäits d'Verdéngschter vun de bloe Ministeren ervir- an d'Wäerter vun der Partei ënnerstrach.

"Zesumme wëllen eng Politik ze maachen wou een houfreg wann een Erfolleg huet, wou een sech net muss schummen wann een ee Succès huet, ech hu gesot ech si gäre Premier vun engem Land wou ech gären de Leit géif eng Couche ginn fir drop ze pennen, ech si gären de PM vun engem Land wou een een Trampolin kritt fir drop ze sprangen a méi héich ze kommen a wou een houfreg ass iwwert seng Resultater."

De véierte Mäerz wäert DP dann op een Neits am grousse Krees zesummesinn, fir e Kongress zu de Gemengewalen.