Radioen

On air

Owesconcert  |  Trouvez l'intrus!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paulette Lenert reagéiert op Kritik vun AMMD

IRM um Potaschbierg

Paulette Lenert reagéiert op Kritik vun AMMD

No der Kritik vun der AMMD wëllt d'Paulette Lenert hir Reaktioun net op d'Form, mee op de Fong beschränken. D'Demande vum CHL fir de Centre médical bedreiwen ze dierfe wier eng noutwenneg Etapp fir en Accord ze fannen.

auto_stories

3 min

Foto: SIP / Julien Warnand (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


D'Dokteschassociatioun attackéiert d'Gesondheetsministesch: d'Paulette Lenert hätt a Saachen IRM Potaschbierg gelunn, intimidéiert a bewosst iergeféiert, sou d'AMMD an engem Communiqué.

Hiere President, den Dokter Alain Schmit, huet der Ministesch déi politesch Glafwierdegkeet ofgeschwat.

D'Gesondheetsministesch wëllt net op d'Form vun der AMMD-Kritik am Dossier IRM am Centre médical Potaschbierg reagéieren. "Op deem Toun diskutéieren ech net", esou d'Paulette Lenert am 100,7-Interview.

Paulette Lenert: "eng noutwenneg Etapp"

D'Gesondheetsministesch hirersäits wëllt hir Reaktioun op de Fong beschränken. No der Sëtzung vun der Commission administrative (dem Verwaltungsrot) vum CHL hätt si de leschte Freideg déi offiziell Demande vum Centre hospitalier kritt fir de Potaschbierg kënnen ze bedreiwen.

"Deem viraus geet selbstverständlech eng Lettre d'intention an en Accord de principe, deen um Ordre du jour vun deem Conseil stoung wou sech déi zwou Parteien - an dat war vun den zwou Säiten ënnerschriwwen - eens waren, op deen dote Wee ze goen. Dat ass nach net dat lescht Wuert, wat do geschwat ass, mee et ass awer déi nächst logesch Etapp. "

D'Paulette Lenert betount am 100,7-Interview, d'Demande vum CHL fir de Centre médical bedreiwen ze dierfe wier eng noutwenneg Etapp, fir zu engem Accord ze kommen:

"Mir sinn hei bei enger step-by-step-Approche, wou u sech déi Demande do de logeschen, natierleche Schrëtt ass, dee muss kommen. Well wann de CHL keng Geneemegung kritt fir déi Antenn ze bedreiwen, dann eriwwrege sech jo warscheinlech dann och weider Gespréicher mam Exploitant."

Ier ganz am Detail gekuckt gëtt, wéi genee déi Zesummenaarbecht tëscht CHL a Centre médical Potaschbierg kéint ausgesinn, muss den CHL also fir d'éischt emol sécher sinn, datt en déi Zesummenaarbecht iwwerhaapt vum Ministère erlaabt kritt.

"Bereetschaft fir eng Zesummenaarbecht ass do"

Dorëms geet et an der Demande, mee déi wier ni gestallt ginn, wann et um Potaschbierg keng Bereetschaft géif fir mat op esou e Wee ze goen.

"Wann ech déi Informatioun net kritt hätt an och elo net befaasst wär mat enger Demande, da wär et meng Aufgab - gemäss menger Interpretatioun vum Gesetz - zouzemaachen. Dat ass fir mech keng Erpressung, mee e ganz normaalt verantwortlecht Handelen."

Den Terme Erpressung stoung net am Communiqué vun der AMMD, et goung awer do rieds vu Menace a vu Pression illicite. Mee dovun ofgesinn, seet d'Paulette Lenert: souguer wa si d'Praxis um Potaschbierg géif zoumaachen, hätten d'Bedreiwer jo ëmmer nach d'Méiglechkeet, déi Fermeture viru Geriicht unzefechten.