Et géif kee Grond gi fir beonrouegt ze sinn, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert den Donneschdeg an der Chamber, nodeems d'Santé virsiichtshalber 4.800 Dosisse vum Astra-Zeneca-Impfstoff zeréckgezunn hat. Et géif sech ëm eng Precautiounsmesure handelen, nodeems an Dänemark e puer Fäll vun Thrombosen no Impfungen mat AstraZeneca opgetaucht sinn. Ob d'Trombose-Fäll an direktem Zesummenhang mat der Impfung stinn ass am Moment nach net kloer.
D'Santé géif elo identifizéieren wie scho mam AstraZeneca-Impfstoff geimpft ginn ass, an ob et do eventuell Niewewierkunge ginn hätt, sou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert den Donneschdeg an der Chamber, an hirer Äntwert op eng Question urgente vun der CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen.
Déi Informatioune géif een dann dem Grupp vun der Pharmacovigilance op Bréissel iwwermëttelen. Eng Stellungnam vun deem Grupp, erwaart d'Gesondheetsministerin sech nach am Laf vum Donneschdeg.
Dem Gesondheetsministère wieren aktuell 13 Fäll bekannt bei deenen et Niewewierkunge bei AstraZeneca-Vaccine ginn hätt, dovun zwee méi schwiereg Fäll. An deenen 13 bekannte Fäll wier et awer net zu gréissere Komplikatioune komm.
De Gesondheetsminsistère géif elo op eng Reaktioun vun der EMA waarden an da selwer nach emol kommunizéieren an eventuell weider néideg Schrëtt ënnerhuelen, sou d'Paulette Lenert.